D'Luxemburgerli, eng Spezialitéit vun der Confiserie Sprüngli zu Zürich, sinn e Macaronsgebäck, déi et an de Goûte Vanill, Karamell, Zitroun, Mokka, Schampes, Schockela, Hieselnoss an Hammbier gëtt.

Luxemburgerli
D'Confiserie Sprüngli zu Zürich um Paradeplatz

D'Rezept vun de Luxemburgerli huet e jonke lëtzebuergeschen Zockerbäcker, de Camille Studer, deen an der Confiserie Namur zu Lëtzebuerg geschafft hat, zu Zürich entwéckelt. D'Basis vum Rezept war e Rezept vu franséischem Zockergebäck, dat de Camille Studer am Joer 1957 bei engem interne Concours bei Sprüngli weiderentwéckelt huet. Well hien do deen eenzege Lëtzebuerger war, hat hie vun de Kolleegen de Spëtznumm Luxemburgerli kritt, a sou ass säi Gebäck hannenno genannt ginn.

An der Confiserie Sprüngli, déi an der Tëschenzäit den Numm Luxemburgerli als Mark protegéiert huet, ginn haut all Dag eng 650 Kilo där Schneekereie fabrizéiert.

Trivia änneren

D'Schwäizer Boulevard-Zeitung Blick huet den 11. September 2008 op hirer Titelsäit stoe gehat: "Luxemburgerli vernaschen Schweizer Käseköpfe". De Grond: d'Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp hat den 10. September 2008 zu Zürich 2:1 géint d'Schwäiz gewonnen.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Luxemburgerli – Biller, Videoen oder Audiodateien