Nikolaus Kopernikus
![]() |
Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Nikolaus Kopernikus, gebuer den 19. Februar 1473 zu Toruń, a gestuerwen de 24. Mee 1543 zu Frauenburg, war en Dokter, Jurist an Astronom.
Nikolaus Kopernikus | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Niklas Koppernigk |
Gebuer |
19. Februar 1473 jul. Toruń |
Gestuerwen |
24. Mee 1543 jul. Frombork |
Doudesursaach | Hireschlag |
Nationalitéit | keng |
Educatioun |
Jagiellonen-Universitéit, Universitéit vu Padua, Universitéit vu Bologna, Universitéit vu Ferrara |
Aktivitéit | Astronom, Jurist, Ekonomist, Mathematiker, Physiker, Philosoph, Iwwersetzer, Dokter, Diplomat, Schrëftsteller |
Famill | |
Papp | Niklas Koppernigk |
Mamm | Barbara Koppernigk |
![]() |
De Kopernikus ass och Grënner vun der moderner Astronomie duerch seng Duerstellung vun engem heliozentresche Weltbild. Seng Wierker hunn de Galileo Galilei, den Isaac Newton an de Johannes Kepler an hiren Aarbechte beaflosst.
Säi Liewen änneren
D'Heliozentrescht Weltbild änneren
Kuckt heizou och den Haaptartikel: Heliozentrescht Weltbild
De Kopernikus huet 1543 seng Theorie vum heliozentresche Weltbild virgestallt. D'Sonn ass de Mëttelpunkt, deen d'Planéiten, d'Äerd ageschloss, ëmkreesen. D'Äerd dréit sech dobäi och nach ëm hir eegen Achs.
Seng Wierker änneren
- Commentariolus, Heilsberg 1509
- Monetae cudendae ratio, 1526
- Narratio prima, mit Georg Joachim Rheticus, Danzig 1540
- De Revolutionibus Orbium Coelestium, Nürnberg 1543
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Nicolaus Copernicus – Biller, Videoen oder Audiodateien |