Reliquie
Reliquië sinn Iwwerreschter (Latäin: reliquiae) vu Verstuerwenen oder vu Saachen, déi a verschiddene Relioune wéi dem Hinduismus, dem Buddhismus, dem réimesch-kathouleschen oder dem orthodoxe Chrëschtentum veréiert ginn.
Chrëschtentum
ännerenAm réimesch-kathoulesche Chrëschtentum si Reliquië mënschlech Iwwerreschter (Schanken, Hoer,...) oder Géigestänn (Gezei,...) déi vun enger Persoun solle sinn, déi als Helleg veréiert gëtt, oder op d'mannst mat hir a Kontakt oder an direktem Bezuch gestane sollen hunn.
Se ginn dofir an dräi Kategorien agedeelt:
- Reliquie vum éischte Grad: Kierperdeeler vun engem Hellegen;
- Reliquie vum zweete Grad: Kleedungsstécker vun engem Hellegen;
- Reliquie vum drëtte Grad: Soss Géigestänn, déi mam Hellegen a Kontakt oder a Bezuch stoungen.
Reliquiëveréierunge ginn op déi fréi Chrëschtenheet zeréck, wou dacks beim Graf vun engem Märtyrer Liturgië gefeiert goufen. Spéider goufen op deene Plazen dacks Kierche gebaut, an deenen d'Reliquien an oder ronderëm den Altor begruewe goufen.
Am Spéitmëttelalter ass e lukrative Reliquienhandel opkomm, well eng grouss Konkurrenz ëm déi méiglechst prestigiéis Reliquie bestoung. Sou verwonnert et net, datt deemools vill Fälschungen entstane sinn.
De Protestantismus leent Reliquiëveréierunge of, well se vu Gott oflenke géif an dat Ganzt als Iwwerrescht vun heednescher Heldeveréierung ugesi gëtt.
E puer bekannt Reliquien
änneren- den Hellege Gral
- d'Grafduch vun Turin
- den Hellege Rack vun Tréier
- d'Sandale vu Christus zu Prüm
- d'Virhait [sic] vu Christus
- d'Schanke vun den Apostele Péitrus a Paulus zu Roum
- d'Reliquie vun den Hellegen Dräi Kinneken zu Köln
- d'Reliquie vum Hellege Willibrord zu Iechternach
Biller
änneren-
Schräin mam Kierper vun der Bernadette vu Lourdes
-
Schräin mam Kierper vum Hl Vinzenz vu Paulo
-
E Stéck Donatus an der Nidderdonwener Kierch
-
D'Kierch Hiefenech huet Schankespläitere vu gläich zwéin Apostelen: vum Pétrus a vum Matthias.
Um Spaweck
ännerenCommons: Reliquien – Biller, Videoen oder Audiodateien |