Universitéit Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Uni Lëtzebuerg)
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Universitéit Lëtzebuerg, offiziell Université du Luxembourg, gouf den 10. Oktober 2003 (Gesetz vum 12. August 2003) an d'Liewe geruff.

D'Haaptgebai, Campus um Lampertsbierg (2008)

d'Gebai vun de Wëssenschaften, Campus um Lampertsbierg (2008)

en Deel vum Campus zu Walfer, wou bis 2015 Course gehale goufen.
D'Aktivitéite sinn op dräi Plaze verdeelt: Lampertsbierg, Kierchbierg an, zënter September 2015, um Belval (Gemeng Esch-Uelzecht, Universitéitsquartier). Et ass geplangt, datt vun 2016 u just nach d'Master- a Promotiounsstudiegäng am Droit, souwéi d'Finanz- a Wirtschaftswëssenschaften um Campus an der Stad bleiwe sollen. D'Gebaier um Kierchbierg, sou wéi och déi zu Walfer, sollen da fir aner Zwecker benotzt ginn.[1]
D'Universitéit Lëtzebuerg ersetzt dës Etablissementer:
- Centre universitaire de Luxembourg (C.U.L.)
- Institut supérieur de technologie (I.S.T.)
- Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques (I.S.E.R.P.)
- Institut d'études éducatives et sociales (I.E.E.S.) (nëmmen d'Sektioun fir d'Formatioun vum "Éducateur gradué")
FakultéitenÄnneren
Op der Universitéit Lëtzebuerg gëtt et dräi Fakultéiten:
FuerschungszenterenÄnneren
Op der Universitéit Lëtzebuerg gëtt et dräi Fuerschungszenteren:
DirekterenÄnneren
- François Tavenas (2003-2004)
- Rolf Tarrach (2004-2014)
- Rainer Klump (2015-2017)
- Stéphane Pallage (zanter 2018)
LiteraturÄnneren
- Hennicot-Schoepges, Erna, 2009. uni.lu Eine unvollendete Geschichte. ons stad 92, S. 4-8. (Den Historique vun der Grënnung vun der Uni Lëtzebuerg aus der Siicht vun der deemoleger zoustänneger Ministesch).
Um SpaweckÄnneren
Commons: Universitéit Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Joelle Merges: "Aus dem Ministerrat: Geschichtsforschung." Luxemburger Wort, 6. Juni 2015, S.3.