Tunnel ënner der Stad Lëtzebuerg

Den Tunnel ënner der Stad (Lëtzebuerg) verbënnt de Péitrussdall mat dem Pafendall. En ass 900 m laang, 4,40 m breet, 3,25 m héich a läit an der Moyenne 60 m ënner dem Buedem vun der Stad Lëtzebuerg. Am Tunnel sinn et d'ganzt Joer duerch 12-14 °C.

Den Tunnel ënner der Stad (a Richtung Pafendall)

Enn der 1950er Joren ass de Sammelkanal, deen d'Ofwaasser aus de Quartiere Märel, Belair an Zéisseng duerch Péitrussdall, Gronn, Clausen a Pafendall bis op Beggen féiert, ze kleng gi fir nach all d'Ofwaasser ze packen, an et huet missen no enger Léisung gesicht ginn. Vu datt den alen Tracé 3.300 m laang war an deelweis ënner Haiser verlaf war, war net wierklech un en Ausbau ze denken. D'Iddi fir en neie Kanal riicht ënner der Stad ze verleeën huet do och vun engem finanzielle Standpunkt aus gesinn duerchaus Sënn gemaach.

Am Juli 1961 hunn d'Aarbechten ugefaangen a knapps zwee Joer drop, am August 1963 war den Tunnel fäerdeg an de Fiels gesprengt an de Kanalsrouer verluecht. D'Protection Civile huet Intressi gewisen, fir den Tunnel als Loftschutzbunker ausbauen ze loossen, wat och deelweis geschitt ass (mä eng Noutbeliichtung feelt nach ëmmer).

De Pëtz vun der Plëss (56m héich eropgekuckt)
Informatiounspanneau virum Agank vum Aquatunnel 2011.

Den Tunnel ënner der Stad mécht awer och e klenge Lien zur Festungsgeschicht: e gëtt Accès op den ale Pëtz op der Plëss an op dee vun der Biederplaz mat senger extreem gudder a grousser Quell.

Heiansdo kënne Schoulklassen oder Privatleit un enger Féierung duerch den Tunnel deelhuelen.

Aquatunnel 2011Änneren

Den 23. Januar an den 13. Februar 2011 huet d'Waasseramt vun der Stad Lëtzebuerg eng Ausstellung iwwer de Waasserzyklus am Tunnel organiséiert, deen dofir an "Aquatunnel" ëmgedeeft gi war. Dobäi konnten d'Visiteuren duerch de ganzen Tunnel goen, vum Agank am Péitrussdall bis zur Sortie am Pafendall. Am Ganzen 8.500 Leit ware sech déi Ausstellung ukucken.[1]

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. "L'AquaTunnel déborde de visiteurs." wort.lu, 14.02.2011 08:42.