Luxemburger Wochenblatt


Luxemburger Wochenblatt war den Titel vun enger lëtzebuergescher Wochenzeitung, déi tëscht dem 7. Abrëll 1821 a warscheinlech dem 8. Juli 1826 samschdes erauskoum a beim Jacques Lamort gedréckt gouf.[1]

Luxemburger Wochenblatt
Typ Wochenzeitung
Sprooch Däitsch
Éischt Ausgab 1821

Redakter war de Friedrich-Georg Weiß, dee virdru Sekretär vum preisesche Festungskommissariat war an niewelaanscht e "Petitiounsbureau" bedriwwen huet, wou en de Leit Texter formuléiert, Feierversécherunge verkaaft an als Immobilienagent fungéiert huet.

D'Zilpublikum vum Luxemburger Wochenblatt waren d'Stater Bourgeoise an d'Membere vun der preisescher Festungsarméi, an dofir war et haaptsächlech op Däitsch geschriwwen. Et war déi éischt däitschsproocheg Zeitung déi zu Lëtzebuerg erauskoum. Mä et gouf och alt deen een oder anere Lieserbréif op Franséisch oder offiziell Matdeelung op Hollännesch.

Am Wochenblatt goufen och déi éischt Texter iwwerhaapt op Lëtzebuergesch publizéiert.[2]

Inhaltlech gouf vill Wäert op Lokalnoriichten a -communiquéë geluecht, Auslandsnoriichte ware warscheinlech aus aneren Zeitunge kopéiert.

D'Geschäft mat der Zeitung war fir de Weiß kee Succès; no fënnef Joer huet e missen ophalen, se erauszeginn, well en den Drécker net méi konnt bezuelen.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Hilgert an der Literatur.
  2. An den Editioune vum 14. Abrëll 1821, 8. Mee 1824 an 10. Dezember 1825).