D'Villa Lefèvre, och nach Dolibois Haus genannt, ass en herrschaftlecht Haus um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg. D'Villa läit um Eck vum Boulevard Emmanuel Servais mam Boulevard Paul Eyschen an ass d'Residenz vum amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg.

Villa Lefèvre
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 37’ 08.1’’ N
      06° 07’ 44.6’’ O

Geschicht

änneren

1922 huet de belschen Entrepreneur Alfred Lefèvre zesumme mat senger Fra Albertine Reckinger eng Bauplaz op der Nummer 22 vum Boulevard Emmanuel Servais kaaft fir do en Härenhaus bauen ze loossen. De Lëtzebuerger Architekt Gust Schopen huet doropshin en herrschaftlecht Haus (maison de maître) mat enger imposanter Entrée, héije Plaffongen an opwännegen Holzschnëtzereien entworf. D'Villa huet den Afloss an de Räichtum vun der deemoleger Stolindustrie erëmginn.

D'Bauhäre hunn awer ni an hirem Haus gewunnt an den Terrain mat der Villa gouf den 2. Abrëll 1929 un déi Däitsch Regierung verkaf. Vun 1933 u war d'Villa am Besëtz vum Däitsche Räich; an der Villa war dunn d'Ambassade an och d'Residenz vum Däitsche Minister zu Lëtzebuerg. De Gauleiter Simon huet vun 1940 un an der Villa gewunnt an héich Perséinlechkeete wéi den Heinrich Himmler an de Richard Strauss do empfaangen.

Schonn ier Lëtzebuerg den 10. September 1944 duerch d'Amerikaner befreit gouf, hate sech de Gustav Simon an déi aner Nazibewunner aus der Villa duerch d'Bascht gemaach an all Haushaltsmiwwele matgeholl. Virun hirer Flucht war et hinnen awer net gelongen den Ubau nieft der Villa ze zerstéieren an an dëser fréierer Garage ass bis haut d'U.S. Kanzlei dran ënnerbruecht.

No der Liberatioun huet d'US-amerikanesch Arméi d'Villa requisitionnéiert fir Zaldoten an alliéiert Offizéier do anzequartéieren. De Platt Waller, dee scho vun 1931 bis 1941 als amerikanesche Konsul a Chargé d'affaires zu Lëtzebuerg war, koum op Lëtzebuerg zeréck a gouf am Februar 1945 den éischten U.S. amerikaneschen Diplomat deen an der Villa Lefèvre gewunnt huet.

D'Villa déi vun den Nazie confisquéiert gi war ass 1945 un de Lëtzebuerger Staat gefall dee se duerno un de Waller verkaaft huet. D'Sue fir d'Haus ze kafe koume vun der belscher Regierung, well déi bei den Amerikaner an der Schold stoung. Am Kader vum Léin- a Pachtgesetz (Lend-Lease)[1] war d'Belsch nämlech am Krich materiell vun den Amerikaner ënnerstëtzt ginn. Zu Lëtzebuerg goufen déi Sue geholl fir Haiser ze flécken, déi am Krich beschiedegt gi waren.

1949 gouf déi amerikanesch Diplomatin Perle Mesta - an der Funktioun vun enger US-amerikanescher Ministesch - déi éischt Bewunnerin vun der Villa Lefèvre nom Krich.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Perle Mesta.

 
Plack mam offiziellen Numm vun der Residenz

1955 krut déi US-amerikanesch Vertriedung zu Lëtzebuerg de Statut vun enger Ambassade; den éischten Ambassadeur war - vum September bis den Dezember 1956 - de Wiley T. Buchanan Jr.. 1981 gouf dee vu Lëtzebuerg gebiertegen Diplomat John E. Dolibois - 50 Joer no senger Emigratioun an Amerika - vum President Ronald Reagan op den Ambassadeur-Posten zu Lëtzebuerg beruff.

Am Oktober 2003 huet den US-Senat e Gesetz gestëmmt mat deem d'Residenz vum Botschafter offiziell - zu Éiere vum John E. Dolibois - „Dolibois House“ genannt gouf.

Baussen

änneren

An der Residenz

änneren

Literatur

änneren
  • „U.S. Embassy Luxembourg - History of the Ambassador's Residence“, Broschür vun der US-amerikanescher Ambassade, 2016

Um Spaweck

änneren
Commons: Villa Lefèvre – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Lend-Lease Act, offiziell: An Act to Promote the Defense of the United States