Déi Makkaronesch Dichtung ass eng burlesk literaresch Manéier, fir Elementer vun zwou Sproochen mateneen ze mëschen.

Als eng Zort Erfinder vun där Form ass de Benediktinerpater Teofilo Folengo bekannt, dee 1517 ënner dem Pseudonym Merlin Cocai deen éischten Deel vu sengem Opus macaronicum zu Venedeg publizéiert huet.

Am däitschsproochege Raum hunn de Sebastian Brant an de Johann Fischart mat deene Spillereien hantéiert.

Lëtzebuergesch Makkaronesch Dichtung änneren

Besonnesch beim Putty Stein si vill Uluechten ze fannen, wéi am Das Lied vom echten Jägermann:

  • Ich schiess den Has im Stoppelfeld
  • das Huhn im Gromprestéck
  • für den Fasari hat's geschellt
  • wenn 'ch auf den Zäppchen dréck.

Fir ze liesen änneren

  • Jürgen Dahl: Maccaronisches Poetikum oder Nachtwächteri veniunt cum Spiessibus atque Laternis, 1962, Langewiesche-Brandt, 93 Säiten (vergraff)