Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz

Streck vun der Lëtzebuerger Eisebunn
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der aktueller Zuchstreck iwwer Bierchem. Fir déi nei direkt Streck Lëtzebuerg-Beetebuerg déi am Bau ass, kuckt wgl. Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg.

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vun der Gare vu Lëtzebuerg op Beetebuerg an doriwwer eraus op d'franséisch Grenz südëstlech vun Diddeleng a Richtung Zoufftgen, wou s'Uschloss un d'Eisebunnsstreck Metz - Zoufftgen huet.

Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz
CFL 4008 Berchem.jpg
E Persounenzuch an der Gare Bierchem
CFL lijn 6.png
Streckekaart vun der Linn 6
Linnennummer 6
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Gare Lëtzebuerg
op Beetebuerg Grenz
iwwer Gare Houwald, Gare Bierchem, Gare Beetebuerg
opgaangen 11 August 1859
Technesch Donnéeën
Längt 16,6 km
Gréisst Steigung 9 ‰
Klengste Radius 190 m
Spuerbreet Normalspuer
Streckentyp duebelgleiseg
Fuerrichtung riets
Vitesslimitatioun 140 km/h, 120 km/h, 60 km/h
Zuchsécherungssystem European Train Control System
Garen - Uschlëss - Brécken -
Tunnellen - Barrièren
Km
BSicon STR.svg Uschloss: Waasserbëlleg
Uschloss: Ettelbréck - Ëlwen
BSicon BHF.svg Gare Lëtzebuerg 0,0
BSicon exTUNNEL1.svg N 3 (Diddenuewener Strooss)
BSicon KRZo.svg
BSicon exTUNNEL1.svg B 3
BSicon BHF.svg Gare Houwald 2,2
BSicon exTUNNEL1.svg CR231
BSicon exTUNNEL1.svg A 1
BSicon STRo.svg Feldwee Grousseweier
BSicon STRo.svg Feldwee Duelem
BSicon exTUNNEL1.svg Vizinalstrooss Fenteng - Kockelscheier
BSicon ABZg+l.svg Uschloss Linn 4
BSicon STRo.svg CR158 (Kockelscheier - Réiser)
BSicon STRo.svg Béiweng
BSicon BHF.svg Gare Bierchem 7,5
BSicon STRo.svg Bierchem Rue de Livange
BSicon STRo.svg Kréimerchen
BSicon STRo.svg N 31 Léiweng
BSicon BUE.svg Léiweng Rue de la Chapelle
BSicon exTUNNEL1.svg A 3
BSicon BRÜCKE2.svg Feldwee
BSicon hKRZWae.svg Uelzecht
BSicon BUE.svg Beetebuerg Rue Michel Lentz
BSicon exTUNNEL1.svg N13
BSicon BHF.svg Gare Beetebuerg 11,4
BSicon ABZgr.svg Ofzweigung Esch-Uelzecht an Diddeleng
BSicon exTUNNEL1.svg A 13
BSicon exTUNNEL1.svg CR161
BSicon exTUNNEL1.svg Bréck Um Tunnel
BSicon exTUNNEL1.svg CR160 (Diddeleng - Zoufftgen)
BSicon GRENZE.svg franséisch Grenz 16,6
BSicon STR.svg Uschloss Metz

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

LinnÄnneren

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz gëtt als Linn 6 bezeechent; am kommerzielle Passagéierverkéier ass se als Linn 60 bekannt[1].

Et ass eng 16,65 km laang zweegleiseg Eisebunnsstreck mat Normalspuer. Se gouf den 11. August 1859 a Betrib geholl an huet deemools der Gesellschaft Guillaume-Luxembourg gehéiert. Se gouf 1956 mat enger Spannung vu 25 kV - 50 Hz elektrifizéiert.

Weidere StreckeverlafÄnneren

A Frankräich gëtt se vun der Linn Metz-Zoufftgen weidergefouert a Richtung Grouss-Hetteng, Diddenuewen a Metz. Se ass vu Lëtzebuerg bis op d'franséisch Grenz en Deel vun der kommerzieller internationaler Streck Lëtzebuerg - Dijon

Zu Beetebuerg zweigen zwou weider Strecken of:

Vun der Linn 6a zweigt zu Näerzeng d'Streck op Rëmeleng als Linn 6c of. Vun der 6c geet dann zu Téiteng d'Streck an de Laangegronn als Linn 6d fort.

Vun Esch-Uelzecht geet d'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng als Linn 6f weider. Ausserdeem féiert vun Esch och déi kuerz Streck Esch-Uelzecht - Däitsch-Oth als Linn 6e virun.

Schlussendlech féiere vu Péiteng dräi Strecken iwwer Rodange weider a Richtung Éibeng (Linn 6g), Mont Saint-Martin (Linn 6h) an Attem (Linn 6j).

Nei Streck vu Lëtzebuerg op BeetebuergÄnneren

Am Januar 2015 hunn déi éischt Virbereedungaarbechte fir de Bau vun enger neier Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg ugefaangen[2],[3]. D'Ursaach dofir ass déi zäitweis Saturatioun vun där aler Streck, déi eng Haaptachs vum lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz ass. Déi nei Streck soll méi oder wéineger parallel zur Autobunn A3 gebaut ginn an no 2024 fäerdeg sinn[4].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg.

BillerÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Réseau op cfl.lu, gekuckt de 7. Mäerz 2020
  2. Préparation du chantier de la nouvelle ligne ferroviaire Luxembourg – Bettembourg. gouvernement.lu (2015-09-01). Gekuckt de(n) 2020-12-30.
  3. Erste Arbeiten für Bahnstrecke nach Bettemburg op wort.lu vum 27. Januar 2015
  4. Verspätung für neue CFL-Strecke nach Bettemburg. Wort.lu (2020-12-29). Gekuckt de(n) 2020-12-30.

Referenzen an NottenÄnneren