Finneschen Nationaltheater

De Finneschen Nationaltheater (op Finnesch: Suomen Kansallisteatteri an op Schweedesch: Finlands nationalteater) ass en Theater, deen den 13. Oktober 1872 zu Pori gegrënnt gouf, an haut an engem Gebai zu Helsinki ass, dat no bei der Zentralgare steet.

Finneschen Nationaltheater
Land Finnland
Koordinaten 60° 10’ 20’’ N
      24° 56’ 37.3’’ O
Datum vum Bau 1902
Säitlech Vue.

Et ass deen eelsten Theater a Finnland, an deem Stécker op Finnesch gespillt ginn.

D'Gebai änneren

D'Gebai vun 1902, am Jugendstil, gouf vum Onni Tarjanne entworf. Et ass vum romanteschen Nationalismus inspiréiert. De grousse Sall huet 885 Plazen. Zanterhier gouf et e puermol vergréissert a modernisiéiert. Op der hënneschter Säit gouf 1954 e quaderfërmegen Neibau mat engem méi klenge Sall mat 309 Sëtzplazen ugebaut. 1976 gouf eng weider kleng Bün, d'Willensauna, ugebaut, an där 152 Leit Plaz hunn. Zanter 1987 ass an engem Nopeschhaus eng aner kleng Bün, Omapohja genannt, amenagéiert, wou knapps 80 Leit sëtze kënnen.

Direkteren änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Finneschen Nationaltheater – Biller, Videoen oder Audiodateien