Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
![]() |
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() | |||
![]() | |||
Spëtznumm: | D'Rout Léiwen (Les Lions Rouges, Die Roten Löwen) | ||
Federatioun: | FLF | ||
Trainer: | Luc Holtz | ||
Meescht Matcher: | Laurent Jans (113) | ||
Meescht Goler: | Gerson Rodrigues (23) | ||
Stadion: | Stadion vu Lëtzebuerg (Stad Lëtzebuerg) | ||
Historesch Matcher | |||
Éischte Match: | Lëtzebuerg – Frankräich: 1–4 29. Oktober 1911, Stad Lëtzebuerg | ||
Héchst Victoire: | Lëtzebuerg – Afghanistan: 6–0 26. Juli 1948, London | ||
Héchst Nidderlag: | Däitscht Räich – Lëtzebuerg: 0–9 4. August 1936, Berlin Lëtzebuerg – England: 0–9 19. Oktober 1960, Stad Lëtzebuerg England – Lëtzebuerg: 9–0 15. Dezember 1982, London Portugal – Lëtzebuerg: 9–0 11. September 2023, Loulé[1] | ||
Olympesch Summerspiller | |||
Participatioun: | 6 × (fir d'éischt 1920) | ||
Bescht Resultat: | Véierelsfinall 1948 | ||
|
D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, A-Kader (offiziell: Équipe nationale du Luxembourg de football / Équipe nationale A) ass eng Selektioun vun de beschte Lëtzebuerger Foussballspiller, déi vun der Fédération luxembourgeoise de football (FLF) ausgewielt ginn. Si representéiert d'FLF op internationalem Niveau, zum Beispill bei Frëndschaftsmatcher géint Ekippe vun aneren nationale Verbänn, awer och bei de Qualifikatioune fir d'Europameeschterschaft (UEFA) an d'Weltmeeschterschaft (FIFA).
Foussball ass eng vun de beléiftste Sportaarten zu Lëtzebuerg. An der FIFA-Weltranglëscht läit d'Lëtzebuerger Nationalekipp op Plaz 91 vun 210 (Stand: Abrëll 2025).
D'Lëtzebuerger Foussballnationalekipp hat ni grousse Succès, an huet sech nach keng Kéier fir UEFA- oder FIFA-Meeschterschafte qualifizéiert. Lëtzebuerg huet souguer den Antirekord als d'Land mat der gréisster Zuel vu feelgeschloene Qualifikatioune fir d'Weltmeeschterschaft a fir eng regional Meeschterschaft. En Déifpunkt an der Geschicht waren d'Joren 1980 bis 1995 wou d'Selektioun 35 Néierlagen hannereneen huet missen astiechen. Am Oktober 1995 dogéint huet d'Lëtzebuerger Selektioun sech an der FIFA-Weltranglëscht fir d'éischt ënner déi 100 éischt Nationalekippe vun der Welt klasséiert, an dat fir zwéi Méint op der 98. Plaz.
Zanter 2010 ass de Luc Holtz Haapttrainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp. Ënner senger Leedung huet d'Ekipp weesentlech am meeschte Succès. D'Nationalekipp huet deemno géint d'Slowakei, Griicheland, Schweden, Ungarn, Irland, asw gewonnen, an huet mat en ettlechen zolidden Ekippen, ënner anerem mat Italien, Frankräich oder mam Senegal gläichgespillt.
Den éischte Match
ännerenDen 29. Oktober 1911 stoung fir d'éischt Kéier eng lëtzebuergesch Selektioun an engem offizielle Lännermatch um Terrain. De Frëndschaftsmatch géint Frankräich goung mat 1:4 an der Stad verluer. Déi éischt lëtzebuergesch Nationalekipp huet haaptsächlech aus Foussballspiller vun de Stater Veräiner Spora Lëtzebuerg, vun der Union Lëtzebuerg a vum Racing Lëtzebuerg bestanen: Alphonse Weicker, Jemmy Becker, Zénon Bernard, François Langers, Joseph Faber, Albert Elter, Emile Kuborn, Joseph Michaux, Henri Schwartz, Michel Ungeheuer a Victor Kauth. Den 8. Februar 1914 huet Lëtzebuerg sech revanchéiert, de Match ass 5-4 ausgaangen.
Olympesch Spiller
ännerenOplëschtung vun alle Lëtzebuerger Participatioune bei olympesche Spiller:
- Olympesch Summerspiller 1920, ausgescheet an der Aachtelsfinall géint Holland (0-3)
- Olympesch Summerspiller 1924, ausgescheet an der Aachtelsfinall géint Italien (0-2)
- Olympesch Summerspiller 1928, ausgescheet an der Aachtelsfinall géint d'Belsch (3-5) (Goler vum Willy Schütz, Jean-Pierre Weisgerber a Robert Theissen)
- Olympesch Summerspiller 1936, ausgescheet an der Aachtelsfinall géint Däitschland (0-9)
- Olympesch Summerspiller 1948, ausgescheet an der Véierelsfinall géint Jugoslawien (1-6) (Gol vum Fernand Schammel), an der Aachtelsfinall huet Lëtzebuerg den Afghanistan 6-0 geschloen (Goler vum Fernand Schammel, Jules Gales, Nicolas Kettel a Marcel Paulus)
- Olympesch Summerspiller 1952, ausgescheet an der Aachtelsfinall géint Brasilien (1-2) (Gol vum Jules Gales), an der Virronn huet Lëtzebuerg Groussbritannien 5-3 geschloen (Goler vum Jules Gales, Léon Letsch a Jos Roller)
Kader
ännerenDen aktuelle Kader
ännerenDe Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
23 vu 25 Nationalekippespiller spillen an auslännesche Clibb, an hirer 23 sinn a Profi-A-Kaderen (Stand: März 2024).
Positioun | Spiller | Alter am Ament vum Match |
Club |
---|---|---|---|
Am Gol: | Anthony Moris | 33 | Union Saint Gilloise |
Ralph Schon | 29 | FC UNA Stroossen | |
Tim Kips | 18 | RE Virton → F91 Diddeleng | |
Ofwier: | Laurent Jans | 31 | SV Waldhof Mannheim |
Kevin Malget | 28 | RE Virton | |
Lars Gerson | 33 | IFK Norrköping | |
Dirk Carlson | 21 | Karlsruher SC | |
Chris Philipps | 25 | Legia Warschau → Legia Warschau II | |
Marvin Martins Da Graça | 24 | Karpaty Lwiw | |
Mëttelfeld: | Olivier Thill | 22 | FK Ufa |
Leandro Barreiro Martins | 23 | 1. FSV Mainz 05 | |
Danel Sinani | 22 | F91 Diddeleng | |
Vincent Thill | 19 | FC Metz → US Orléans | |
Aldin Skenderovic | 22 | FC Progrès Nidderkuer | |
Vahid Selimovic | 22 | Apollon Limassol | |
Tim Hall | 22 | Karpaty Lwiw | |
Mathias Olesen | 22 | 1. FC Köln | |
Christopher Martins Pereira | 22 | Spartak Moskau | |
Ugrëff: | Gerson Rodrigues Gouveia | 24 | Júbilo Iwata → Dynamo Kyjiw |
Maurice Deville | 27 | SV Waldhof Mannheim | |
David Turpel | 26 | F91 Diddeleng | |
Florian Bohnert | 25 | SC Bastia | |
Daniel Da Mota Alves | 33 | Racing FC Union Lëtzebuerg | |
Aurélien Joachim | 32 | RE Virton |
De beschten FLF-Spiller
änneren2004 huet d'Fédération luxembourgeoise de football de beschte Spiller vun de leschte 50 Joer ausgewielt. De "Gëlle Spiller" ([Luxembourg's] Golden Player) gëtt de Mëttelfeldspiller Louis Pilot (1940–2016)[2], dee vun 1959 bis 1971 am Kader vun der Foussballnationalekipp war, a siwe Goler geschoss huet. De Pilot war och bekannt als Member vu verschiddene belsche Clibb, ënner anerem vum Lécker Standart; seng Participatioun bei dësem Club war ganz erfollegräich.
Management
ännerenTraineren
änneren- 1908–1920: ?... (onbekannt oder ouni Traineren)
- Olympesch Spiller) 1920: Den technesche Comité (
- 1920–1924: ?...
- Batty Schröder (Olympesch Spiller) 1924:
- 1924–1928: ?...
- Gustave Jacquemart (Olympesch Spiller) 1928:
- 1928–1932: ?...
- 1933–1948: Paul Feierstein
- 1948–1949: Albert Reuter, Jean-Pierre Hoscheid a Jules Müller
- 1949–1953: Adolf Patek
- 1953–1955: Béla Volentik
- Edouard Havlicek 1955:
- 1955–1959: Nándor Lengyel
- 1959–1960: Pierre Sinibaldi
- 1960–1969: Robert Heinz
- 1969–1972: Ernst Melchior
- 1972–1977: Gilbert Legrand
- Arthur Schoos 1978:
- 1978–1984: Louis Pilot
- Jef Vliers 1984:
- Joseph Kirchens 1985:
- 1985–2001: Paul Philipp
- 2001–2004: Allan Simonsen
- 2004–2010: Guy Hellers
- zanter 2010: Luc Holtz
Aktuellt Personal
änneren(Stand: Abrëll 2025[3])
- Trainer: Luc Holtz
- Assistenttrainer: Mario Mutsch
- Trainer vun de Golkippen: Rui Duarte Forte
- Physikaleschen Trainer: Claude Origer
- Medeziner: Dr. Lara Heinz
- Physiotherapeuten: Alexander Kähler, Erwan Deshoux, Gilles Hoffmann
- Osteopath: Federico Morritti
- Techneschen Direkter: Manuel Cardoni
- Ekipementsmanager: Carlo De Borger
Matcher
ännerenAn hirer Geschicht huet Lëtzebuerg 442 FIFA-Matcher gespillt, hirer 52 ware Victoirematcher, 56 ware Gläichspiller an 335 waren Néierlagen (Stand: Oktober 2023)[4].
D'Resultater no Joerzéngten:
Joerzéngt | V. | G. | N. | V.+G./N. |
---|---|---|---|---|
1910er | 1 | 0 | 2 | 0,5 |
1920er | 0 | 1 | 4 | 0,25 |
1930er | 1 | 0 | 11 | 0,09 |
1940er | 4 | 1 | 6 | 0,83 |
1950er | 1 | 1 | 12 | 0,17 |
1960er | 3 | 4 | 23 | 0,3 |
1970er | 2 | 3 | 34 | 0,15 |
1980er | 2 | 3 | 55 | 0,09 |
1990er | 3 | 5 | 43 | 0,19 |
2000er | 3 | 13 | 71 | 0,23 |
2010er (2010–19) | 16 | 18 | 52 | 0,65 |
Victoiren
ännerenWéi uewe mentionéiert gëtt, huet d'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 36 Matcher gewonnen, hirer 16 bei offizielle Spiller an een an den Olympesche Spiller (Stand: Juni 2019). 16 Victoiren (~ 44%) waren ënner dem Trainer Luc Holtz[4].
Notten:
WMQ: Weltmeeschterschaftsqualifikatioun
EMQ: Europameeschterschaftsqualifikatioun
NL: UEFA Nations League
MHC: Marah Halim Cup
Oly: Olympia
FrS: Frëndschaftsspill
Spiller no der Zuel vu Matcher (Top-10)
änneren(Stand : 4. Abrëll 2025)
# | Spiller | Matcher | Period |
---|---|---|---|
1. | Laurent Jans | 113 | 2012– |
1. | Mario Mutsch | 103 | 2005–2019 |
3. | Daniel Da Mota Alves | 101 | 2007–2021 |
4. | Lars Gerson | 99 | 2008– |
5. | Jeff Strasser | 98 | 1993–2010 |
6. | René Peters | 93 | 2000–2013 |
7. | Jonathan Joubert | 90 | 2006–2017 |
8. | Eric Hoffmann | 89 | 2002–2014 |
9. | Carlo Weis | 85 | 1978–1998 |
10. | Aurélien Joachim | 81 | 2005–2019 |
Notten:
fettgedréckt: nach en Nationalekippespiller
Spiller no der Zuel vu Goler (Top-10)
änneren(Stand : 4. Abrëll 2025)
# | Spiller | Goler | Period |
---|---|---|---|
1. | Gerson Rodrigues | 23 | 2017– |
2. | Léon Mart | 16 | 1933–1945 |
3. | Gusty Kemp | 15 | 1938–1945 |
Aurélien Joachim | 15 | 2005–2019 | |
Nicolas Kettel | 15 | 1946–1959 | |
4. | Danel Sinani | 14 | 2017– |
5. | Camille Libar | 13 | 1938–1947 |
6. | Menn Müller | 12 | 1949–1954 |
7. | Léon Letsch | 11 | 1947–1963 |
8. | Gilbert Dussier | 9 | 1971–1978 |
9. | Nico Braun | 8 | 1970–1980 |
Johny Léonard | 8 | 1962–1970 | |
Roby Langers | 8 | 1980–1998 | |
Camille Dimmer | 8 | 1957–1967 | |
10. | Jeff Strasser | 7 | 1993–2010 |
Louis Pilot | 7 | 1959–1977 | |
Daniel Da Mota Alves | 7 | 2007–2021 |
Notten:
fettgedréckt: nach en Nationalekippespiller
Historesch Matcher
ännerenDen 8. Oktober 1961 huet Letzebuerg bei der WM-Qualifikatioun fir eng Sensatioun gesuergt a 4:2 géint Portugal gewonnen[5], déi mam Nationaheld Eusébio gespillt hunn. Fir Letzebuerg hu matgespillt, den Nationalekipp-Kapitän René Schneider, de Paul Steffen, Jules Zambon, Fernand Brosius, François Konter, Nicky Hoffmann, Erny Brenner, Henri Cirelli, Jeannot Hoffmann, Ady Schmit, Jean Vandivinit[6].
Galerie
änneren-
D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp de 15. Juni 2015
-
D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp de 26. Mäerz 1969
-
D'Ekipp de 25. Oktober 1947
-
D'Ekipp 1934
-
D'Ekipp 1924...
-
...1920...
-
... an den 20. Abrëll 1913
Zukünfteg Matcher
ännerenDe Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
(Stand : bis zum Enn 2019)
Datum an Zäit | Turnéier | Match | Resultat | Plaz |
---|---|---|---|---|
22. Mäerz, 20:45 (CET) | EMQ | Lëtzebuerg vs. Litauen | 2:1 | Lëtzebuerger Haaptstad |
25. Mäerz, 20:45 (CET) | EMQ | Lëtzebuerg vs. Ukrain | 1:2 | Lëtzebuerger Haaptstad |
, 20:00 (CEST) 2. Juni | FrS | Lëtzebuerg vs. Madagaskar | 3:3 | Lëtzebuerger Haaptstad |
, 20:45 (CEST) 7. Juni | EMQ | Litauen vs. Lëtzebuerg | 1:1 | Vilnius (Litauen) |
10. Juni, 20:45 (CEST) | EMQ | Ukrain vs. Lëtzebuerg | 1:0 | Lwiw (Ukrain) |
, 19:45 (CEST) 5. September | FrS | Nordirland vs. Lëtzebuerg | 1:0 | Belfast (UK) |
10. September, 20:45 (CEST) | EMQ | Lëtzebuerg vs. Serbien | 1:3 | Lëtzebuerger Haaptstad |
11. Oktober, 20:45 (CEST) | EMQ | Portugal vs. Lëtzebuerg | Lissabon (Portugal) | |
15. Oktober, TBD (CEST) | FrS | Dänemark vs. Lëtzebuerg | (Dänemark) | |
14. November, 20:45 (CET) | EMQ | Serbien vs. Lëtzebuerg | onbekannt | |
17. November, 15:00 (CET) | EMQ | Lëtzebuerg vs. Portugal | onbekannt |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Den 10. Abrëll 1932 huet Lëtzebuerg an engem Frëndschaftsspill allerdéngs 12-0 géint Italie verluer.
- ↑ https://web.archive.org/web/20080519044519/http://www.uefa.com/uefa/news/Kind%3D256/newsId%3D130150.html
- ↑ https://www.flf.lu/kader-staff-80254v4/groups/142533/seasons/216
- ↑ 4,0 4,1 http://www.rsssf.com/tablesl/lux-intres.html
- ↑ (de)Fundstücke aus dem Archiv: Luxemburg - Portugal. Luxemburger Wort (27.06.2024). Gekuckt de(n) 27.06.2024.
- ↑ „Schmitchen Schütze“: Petz Lahure über den 4:2-Sieg gegen Portugal vor 60 Jahren