Der Landwirth
![]() |
Dëse Journalismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Der Landwirth, vum Juli 1905 un Der Landwirt, war eng Lëtzebuerger Zeitung mat liberaler Ausriichtung, déi vum 3. Januar 1877 bis de 15. Mäerz 1941 ufanks zwee Mol, da véier Mol d'Woch erauskom ass. Den Ënnertitel gouf e puer mol geännert: Vun Organ des königlichen Ackerbauvereins des Großherzogthums zugleich Zeitung für die notariellen Anzeigen des Arrondissements Diekirch, iwwer Organ des großherzoglichen Ackerbauvereins; Zeitung für Land-, Volks-, Wald- und Hauswirtschaft u. s. w. zu Informationsblatt für den Norden des Luxemburger Landes.
![]() | |
Typ | Zeitung |
---|---|
Sprooch | Däitsch |
Éischt Ausgab | 3. Januar 1877 |
Lescht Ausgab | 15. Mäerz 1941 |
Land | Lëtzebuerg |
Dréckerei | Dréckerei Schroell |
Format | Berliner Format |
![]() |
Beim Landwirth gouf et vun 1889 bis 1907 eng Bäilag ënnert dem Numm Illustrirtes Unterhaltungs-Blatt.
D'Zeitung gouf zu Dikrech vun der Dréckerei Schroell publizéiert.
Geschicht
ännerenDe Landwirth ass den Nofollger vu follgenden Zeitungen, déi no an no duerch d'Zensur vun der Kierch verschwonne sinn:
- Der Wächter an der Sauer
- Der Volksfreund
- Bulletin des königlichen Ackerbauvereins des Grossherzogthums
Tëscht 1913 an 1920 gouf et zwou Parallel-Editiounen, eng fir Ettelbréck an eng fir Dikrech.
Den 2. Juli 1926 ass d'National Zeitung vum deemolege Staatsminister Pierre Prüm mat dem "Landwirt" fusionéiert an huet deem seng Nummeéierung iwwerholl.
Literatur
änneren- Hilgert, Romain, 2004. Les journaux au Luxembourg 1704-2004, Service information et presse, Luxembourg. (Als Pdf an 2 Sprooche fir erofzelueden) (fr)(de)
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Der Landwirth - All Nummeren ze liesen op eluxemburgensia.lu
- Fiche op a-z.lu.