D'Mine Walert war eng Eisenäerzmine zu Rëmeleng, déi der Schmelz vu Rodange gehéiert huet a vun 1898 bis 1963 a Betrib war.

Den haitegen Agank vun der Minière Kierchbierg/Walert

Iwwer dem Buedem ass de Flouer Walert eng Schlucht, déi duerch de Walertfloss gegruewe gouf. Dee gëtt et haut net méi, mee e war fréier grouss genuch fir geholl ze ginn als nach haut gëlteg Grenz tëscht Lëtzebuerg a Frankräich. Sou ass Walert also begrenzt am Süden duerch den Ëttenger Gaalgebierg, an am Norden duerch Op der Lëndgen, Vir Haasselt an den Hierzesprong. "Op Walert" ass d'Héicht westlech vu "Walert", do wou haut de Schéissterrain ass. Den Numm Walert kënnt entweeder vu vallis (Dall) oder valli (Wall). D'Endsilb "-ert" ass op alle Fall kloer d'Verkierzung vun Hart (Bësch).[1]

D'Konzessioun Walert änneren

Walert ass eng Konzession vu 44,5 ha, déi per Gesetz vum 6. Mee 1898 der Société des Hauts Fourneaux de Rodange zougesprach ginn ass. Zesumme mat der Schmelz ass si 1905 vun der belscher Stolfirma Ougrée-Marihaye mat Sëtz zu Ougrée bei Léck opkaaft ginn. 1935 huet Ougrée-Marihaye d'Société Anonyme Minière et Métallurgique de Rodange (MMR) gegrënnt, an där hir Lëtzebuerger Minnen a Schmelzen zesummegefaasst gi sinn, dorënner och d'Mine Walert.

D'Konzessioun Walert louch südwestlech vu Rëmeleng un der franséischer Grenz. Si huet zwou Minettcouchen, déi giel an déi gro, déi allenzwou ënnerierdesch ofgebaut hu musse ginn. Walert war op alle Säite vun anere Minnen ëmginn, den Zougank fir d'Mine war duerch d'Galerie vun der Konzessioun Kierchbierg, déi der S.A. John Cockerill vu Seraing bei Léck gehéiert huet.

 
An der Minière Walert (haut Nationale Grouwemusée)

De Betrib vun der Mine änneren

Vun 1898 bis den Éischte Weltkrich huet Ougrée-Marihaye d'Mine duerch d'Firma Charles Hoffmann vu Schëffleng exploitéiere gelooss, déi och schonn an der Nopeschkonzessioun Kierchbierg geschafft huet. D'Minett gouf um Quai vum Kierchbierg a Wagone getippt a mam Zuch op Rodange gefouert.

1925 huet Ougrée-Marihaye d'Mine moderniséiert, déi elo an Eegeregie bedriwwe gouf. D'Haaptgalerië goufen elektrifizéiert, eng Elektresch- a Kompresserzentral an der Mine selwer huet Energie fir d'Pressloftbuermaschinne vun de Mineure geliwwert. Den Dynamit an de Schwaarzpolfer goufen duerch en neie Sprengsystem mat flësseger Loft ersat, géint de Widderstand vun de Mineuren.

1935 ass de Mineur, Deputéierten a fréiere Buergermeeschter vu Rëmeleng Jean-Pierre Bausch déidlech beim Depilage an der gieler Couche verongléckt. Wéinst hirem geféierlechen Daach, deen ëmmer erëm zu Accidenter gefouert huet, krut d'Mine Walert de Spëtznumm "Mausfal". Net manner wéi 46 Biergleit hunn do hiert Liewe geaffert.

Si gouf awer och nach vun de Mineuren a vun der Bevëlkerung "beim Bouché" genannt, dat nom drëtte Betribsfürer Jean-Pierre Bouché.

Bis den Zweete Weltkrich war déi giel Couche ganz ofgebaut, et gouf duerno just nach an der groer geschafft.

An den 1950er Joren huet d'MMR probéiert, Walert ze mechaniséieren. Eng drëtt Lokomotiv huet déi lescht Grouwepäerd ersat an e Persounenzuch huet d'Mineure méi séier op hir Aarbechtsplaz bruecht. Tester mat engem neie Sprengschema a schwéiere Maschinne sinn allerdéngs schifgaangen, well den onstabillen Daach vun der groer Couche de Vibratiounen net duergehalen huet. Bis zum Schluss gouf also op Walert vun Hand gelueden.

1963 war déi gro Couche och bal komplett ofgebaut, an d'MMR huet d'Mine zougemaach. Déi lescht Mineure sinn an d'Pensioun gaangen oder goufen op déi aner Minne vun der MMR oder op d'Rodanger Schmelz verdeelt.

1973 gouf an der Galerie vun der Mine Walert de Musée national des mines opgemaach.

Literatur änneren

  • A sengem Gedicht Walert beschreift de Josy Braun d'Lous vun engem Éislécker Jong, deen an d'Minne schaffe kënnt a schlussendlech op Walert leie bleift. D'Gedicht gouf vun de Millermoaler vertount.
  • De Fernand Barnich huet a sengem Theaterstéck Um Block (1977) dem Jean-Pierre Bausch säi Liewen dramaturgesch verschafft.
  • Fernand Erpelding, "Aperçu Historique sur les Minières Walert et Steiberg", in: Rumelange, Roches Rouges, 1907-1957 (Lëtzebuerg, 1957), pp. 265–268
  • Henri Bonneval, Die Grube Walert - Von der "Mausefalle" zum Grubenmuseum (Rëmeleng, 1973), Imprimerie COPÉ
  • Denis Klein, "La mine Walert avant le Musée des Mines", in: Rëmeleng, 1907-2007 (Rëmeleng, 2007), pp. 417–430

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Nicolas Charpentier, Rümelinger Land und Leute, 1957