De Jean Reiffers, gebuer den 20. Mäerz 1920 zu Useldeng a gestuerwen de 25. August 1993, war e lëtzebuergesche Member vum Commando Kieffer a war bei der Operatioun Overlord de 6. Juni 1944 op Sword Beach op der Héicht vu Colleville-Montgomery als Zaldot 1. Klass (Matricule 10001 FN 43) dobäi[1]. Hie gouf den éischten Dag blesséiert an evakuéiert.

Jean Reiffers
Gebuer 20. Mäerz 1920
Useldeng
Gestuerwen 25. August 1993
Nationalitéit Lëtzebuerg
Famill
Papp Edmond Reiffers
Gedenkplack zu Useldeng

Zanter 2002 erënnert zu Useldeng eng Gedenkplack un hien.

Säi Papp war den Nottär Edmond Reiffers.

Referenzen änneren

  1. De Jean Reiffers um site ons-jongen-a-meedercher.lu