Jean Schortgen
De Jean Schortgen, gebuer de 17. Februar 1880 zu Téiteng an do den 1. Mee 1918 bei engem Accident[1] an der Minière "Brommeschbierg" gestuerwen,[2] war e lëtzebuergesche Biergaarbechter, Gewerkschaftler a Politiker.
Jean Schortgen | |
---|---|
Gebuer |
17. Februar 1880 Téiteng |
Gestuerwen |
1. Mee 1918 Téiteng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Gewerkschaftler, Biergaarbechter |
Den 1. Aarbechter an der Chamber
ännerenDe Schortgen ass ganz fréi zu der Sozialdemokratescher Partei gestouss. Spéitstens am Juni 1902 gouf et zu Téiteng eng sozialdemokratesch Sektioun, an de Schortgen war Member dovun.[3] Vun 1904 bis 1912 war de Schortgen Member vun der Parteileedung. An der Gewerkschaftbeweegung huet hien allerdéngs keng Roll gespillt.[4] No de Wale vum Juni 1914 war hien deen éischten Aarbechter, deen an d'Chamber gewielt gouf. Bei de Chamberwale vum 23. Dezember 1915 gouf hien erëmgewielt.[5]
Éierung
ännerenD'Schortgen-Monument um Téitenger Kierfecht
ännerenEen Dag nom zweeten Doudesdag gouf um Téitenger Kierfecht e Monument fir de Jean Schortgen ageweit, dat vum Sculpteur Duilio Donzelli geschafe gouf.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Jean-Schortgen-Monument um Téitenger Kierfecht.
Schortgen-Stroossen
ännerenAn e puer Uertschaften aus dem Bezierk Süde gouf eng Strooss nom Schortgen genannt:
- rue Schortgen: Diddeleng (L-3564);
- rue Jean Schortgen: Béiweng (L-3323), Esch-Uelzecht (L-4318), Téiteng (L-3787).
Soss
ännerenEng spéit Éierung krut de Jang Schortgen 2009, wéi de Festsall am Centre culturel "Schungfabrik" zu Téiteng (um 1. Stack) a "Salle Jean Schortgen" ëmgedeeft gouf. Bei där Geleeënheet hat de Lëtzebuerger Kënschtler Guy Hary en Airbrush-Bild mam Schortgen gesprayt.
Fir de 75. Anniversaire vum Schortge sengem Doud huet d'Lëtzebuerger Post 1983 en Timber erausbruecht, op deem de Mineur vum Schortgen-Monument ze gesinn ass.[6]
Fir den 100. Doudesdag koum de 15. Mee 2018 e weideren Timber vun 0,70 € eraus.[7]
Literatur
änneren- Charles Meder, Marc Angel, Schortgen, En Eisefrësser an der Chamber, 2022, Graphic Novel, éditions guy binsfeld, ISBN 978-2-9199565-6-2
- B. Fayot: Jean Schortgen (1880-1918). In: Galerie, 27(2009), Nr. 2: 243-259.
- B. Fayot, S. Hoffmann, J. Maas & R. Steil: 100 Joer sozialistesch Deputéiert an der lëtzebuerger Châmber: Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Edition La Mémoire Socialiste, Luxembourg 1997, 171 S. (Jean Schortgen, S. 120-122).
- J. Kauffmann: Erënnert Iech: Jhang Schortgen, 1880-1918. Gedenkschrift zum 75. Todestage des 1. Arbeiter-Deputierten. Impr. Polyprint, Esch-sur-Alzette 1993, 95 S.
- OGB-L: Festbroschüre zum 100. Geburtstag des 1. Arbeiterdeputierten Jean Schortgen 1880-1918: Tetingen, September 1980. Hrsg. von den Tetinger Sektionen des OGB-L, der LSAP und der Femmes socialistes. Tétange: OGB-L, 1980, Esch-sur-Alzette, Impr. Coopérative Luxembourgeoise, 112 S.
Um Spaweck
ännerenCommons: Jean Schortgen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Ausféierlech Biographie op der Websäit vun De Kayldall
Referenzen
änneren- ↑ Escher Tageblatt, Nr. 122, 2. Mai 1918, S. 1 (Kolonn 1: Joh. Schortgen † a Kolonn 5: Lokalneuigkeiten: Tetingen — Tödlicher Unfall.) [1]
- ↑ Kauffmann 1993, S. 17. Kuckt och: J. Lunkes: Die Geschichte der Tetinger Minette. In: Tetingen. Rote Erde, rundes Leder. Sport-Club Tétange, Editpress, Esch-sur-Alzette 1989, S. 267f.
- ↑ Fayot et al. 1997, S. 121.
- ↑ Fayot 2009, S. 245.
- ↑ Kammerwahlen vom 23. Dezember 1915. In: Escher Tageblatt, Nr. 302, 24. Dezember 1915, S. 3.
Fayot 2009, S. 247. - ↑ Zu seinem 75. Todestag: Eine Briefmarke erinnert an Jean Schortgen. Tageblatt, Nr. 216, 22. September 1993, S. 18.
J. Frising & A. Link: 150 Joer Käppercher, Bd. 2: Luxemburger Briefmarken 1966-2002. Éditions St-Paul, Luxemburg 2002, S. 120. - ↑ Neuheiten in der Maximaphilie aus Luxemburg am Luxemburger Wort vum 2. Juli 2018, S. 51