Grëmmelescht

Uertschaft an der Gemeng Wanseler
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Grëmmelescht (lokal: Grëmelischt[2]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Wanseler.

Grëmmelescht
Grëmelischt
Kierch vu Grëmmelescht (2014)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Grumelscheid
de: Grümelscheid
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Wanseler
Buergermeeschter Romain Schroeder
Awunner 103[1]
  2020
Héicht 478 m
Koordinaten 49° 59’ 06’’ N
      05° 52’ 18’’ O
D'Duerfstrooss zu Grëmmelescht

Grëmmeleschter änneren

Déi Grëmmeleschter si fréier d'Spazéierbengele genannt ginn, déi zu Grëmmelescht fir d'éischt vum Schéifer Joseph Mellang, dee vu Knapphouschent gestaamt huet, aus riicht gewuessenem Louholz gemaach goufen an deen dofir e spezielle Produktiounsprozess entwéckelt hat. Et waren zu där Zäit déi beschte Bengelen déi am Land ze kréie waren. De Mellang huet sech spéider zu Donkels en Haus kaaft an am Alter ass en op Paräis bei seng Duechter geplënnert. D'Haus zu Donkels hat den Numm "A Schéifesch" kritt. D'Haus ass verkaaft ginn, awer d'Spadséierbengele sinn och duerno nach zu Donkels vum Constant Braquet an de Bridder Determe gemaach ginn. An den 1930er Joren haten d'Bridder Determe souguer e Stand op der Internationaler Foire um Lampertsbierg. Eng Commande fir 15.000 Stéck, déi en Englänner maache wollt, konnten se awer aus Capacitéitsgrënn net unhuelen. De Braquet huet och Aangelen aus Eechenholz produzéiert[3].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Grëmmelescht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Statistiques démographiques. Gemeng Wanseler (2020-10-19). Gekuckt de(n) 2021-06-28.
  2. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  3. Buch Die Gemeinde Winseler, 1980, S. 86-87