Franz Kafka

éisträichesche Schrëftsteller

De Franz Kafka, gebuer den 3. Juli 1883 zu Prag, a gestuerwen den 3. Juni 1924 zu Kierling bei Wien, war een tschechesch-éisträichesche Schrëftsteller.

Franz Kafka
Gebuer 3. Juli 1883
Prag
Gestuerwen 3. Juni 1924
Kierling
Nationalitéit Tschechoslowakei
Educatioun Karl-Ferdinand-Universitéit,
Karls-Universitéit
Aktivitéit Romancier, Fabeldichter, Novellist, Aphoristiker, Diarist, Iwwersetzer, Affekot, Dréibuchauteur, Juristesche Schrëftsteller, Expert fir Assurancen, Prosaist, Schrëftsteller
Famill
Liewenspartner(in) Dora Diamant
Papp Hermann Kafka
Mamm Julie Kafková
Geschwëster Elli Kafka, Valli Kafka, Ottla Kafka
Kanner keng

De Franz Kafka konnt sech säi ganzt Liewe laang net vum Drock vu sengem vun him gefaarte Papp, engem jiddesche Geschäftsmann, léisen. Dëst obwuel hien a sengem - ni fortgeschéckte - "Brief an den Vater" schonn 1919 versicht huet dëse Problem ze léisen.

No engem Studium vum Droit huet hie bei enger Versécherung geschafft. No e puer Kuropenthalter wéinst Tuberkulos, déi awer näischt bruecht hunn, gouf de Franz Kafka 1922 fréizäiteg pensionéiert.

Obwuel de Franz Kafka a sengem Testament festgeluecht hat, datt all seng nach net verëffentlecht Wierker verbrannt sollte ginn, huet säi laangjärege Frënd, de Max Brod, se trotzdeem publizéiert. Dat sinn ënner anerem:

  • "Der Prozeß"
  • "Das Schloß"
  • "Amerika"
  • "Beim Bau der chinesischen Mauer"

Wierk änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Franz Kafka – Biller, Videoen oder Audiodateien