Den Éischte Weltkrich, am Engleschen a Franséischen och Great War respektiv Grande Guerre genannt, huet vun 1914 bis 1918 gedauert, an iwwer zéng Milliounen[1] Affer gefuerdert, a gouf an Europa, dem Noen Osten, Afrika an Ostasie gefouert.

De Krich gouf am Ufank tëscht de Muechten aus der Triplice (Däitscht Räich, Éisträich-Ungarn, Italien) op der enger Säit an de Muechte vun der Triple-Entente (Frankräich, Groussbritannien, Russland) souwéi Serbien op der anerer Säit ausgedroen.

Ouni ze wëlle koum d'Belsch als Affer dobäi, an dat déi Däitsch, ouni op d'belsch Neutralitéit Rücksiicht ze huelen, nom Schlieffeplang amarschéiert sinn. Am Verlaf vum Krich goufen d'Mëttelmuechten duerch d'Osmanescht Räich a Bulgarien verstäerkt, wärend op alliéierter Säit d'Staate Japan, Italie, Portugal, Rumänien an d'USA an de Krich agetruede sinn. Am Éischte Weltkrich hu sech d'muechtpolitesch Géigesätz vun den europäesche Groussmuechten entlueden, déi zu enger enormer Oprëschtung gefouert haten.

Um Enn vum Krich ware 25 Staaten an deenen hir Kolonien, an deenen am Ganzen 1,35 Milliarde Mënsche gelieft hunn, also zirka dräi Véirel vun der deemoleger Äerdbevëlkerung, am Krichszoustand. Opgrond vun de Verwerfungen, déi den Éischte Weltkrich weltwäit ausgeléist huet, an de Follgen déi een nach haut spiert, gëllt e bei villen Historiker als Urkatastroph vum 20. Joerhonnert.

Brittesch Zaldote vun der Royal Irish Rifles an engem Schützengruef, 1916

Ugefaangen hat alles mam Attentat vu Sarajevo den 28. Juni 1914 bei deem den éisträichesch-ungareschen Trounfolger Franz Ferdinand a seng Fra gestuerwe waren an hanner deem Membere vun der serbescher Loge "Schwaarz Hand" vermutt gi sinn. An engem Ultimatum vum 23. Juli 1914 hat d'éisträichesch-ungaresch Regierung zu Wien Schuedenersatz vun der serbescher Regierung gefuerdert, ënner anerem eng geriichtlech Enquête géint d'Membere vum Komplott an där och d'keeserlech a kinneklech Regierung e Wuert matzeschwätzen hätt. D'serbesch Regierung huet dëse leschte Punkt ofgeleent, mat der Begrënnung datt dat en Agrëff an hir Souveränitéit wier, mä huet awer déi aner haart Fuerderunge vum Ultimatum akzeptéiert. Russland huet nach am Ufank probéiert fir ze vermëttelen awer Éisträich-Ungarn dat Däitschland méi no stoung huet alles sou manövréiert datt de Krich net méi ze vermeide war.

Den 28. Juli 1914 huet Éisträich-Ungarn Serbien de Krich erkläert an den 1. August huet Däitschland de Russen d'Krichserklärung geschéckt, well Russland den 30. Juli d'Generalmobiliséierung fir d'Ënnerstëtzung vu Serbien decidéiert hat. Nach de selwechten Owend si russesch Kavalleriessektiounen iwwer d'ostpreisesch Grenz marschéiert. D'Belsch a Frankräich kruten hir Deklaratiounen den 3. August. Doropshin huet de 4. August England dem däitsche Räich de Krich erkläert. En ettlech Kricherklärungen koumen nach no, allkéiers wann eng nei Allianz gemaach gouf.

Den Éischte Weltkrich war den éischte Krich, dee mat engem massive Materialasaz (Tanksen, Militärloftschëffer, Fligeren a Massevernichtungswaffe wéi Gëftgas) gefouert gouf. D'Fronten hu sech awer kaum beweegt, zum Deel, well vis-à-vis vun der moderner Technik déi al Militärstrategie stoung. Am endlose Stellungskrich hunn d'Truppe sech géigesäiteg opgeriwwen. Besonnesch op de Schluechtfelder viru Verdun an a Flandern sinn op béide Säiten Honnertdausenden Zaldoten ëmkomm, ouni datt sech eppes un der militärescher Lag geännert hätt. Och an deem Punkt stellt den Éischte Weltkrich e Krich duer, deen an de Grausamkeeten alles iwwertraff huet, wat bis dohi bekannt war. Eng vun de bekanntste Waffen, déi am Éischte Weltkrich zum Asaz komm sinn, war déi Déck Bertha, eng Kanoun mat ongewéinlech groussem Kaliber.

Séischluechten änneren

Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich änneren

 
Preisesch Truppen am August 1914 um Duerchmarsch zu Iechternach

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich.

Literatur zum Theema änneren

  • Gerhard Hirschfeld, Gerd Krumeich an Irina Renz (Ersg.), Enzyklopädie Erster Weltkrieg., Paderborn 2003, ISBN 3-506-73913-1.
  • Volker R. Berghahn, Der Erste Weltkrieg. C.H.Beck, München 2003, ISBN 3-406-48012-8
  • Martin Farndale, Western front, 1914–18, London 1986, 421 S., ISBN 1-870114-00-0.
  • Fritz Fischer, Griff nach der Weltmacht, Düsseldorf 2000, ISBN 3-7700-0902-9.
  • Richard F. Hamilton, Holger H. Herwig, The Origins of World War I, Cambridge 2004, ISBN 0-521-81735-8.
  • Michael Howard, Kurze Geschichte des Ersten Weltkriegs, München 2004.
  • John Keegan, Der Erste Weltkrieg. Eine europäische Tragödie, Reinbek bei Hamburg 2003, ISBN 3-499-61194-5.
  • Audoin-Rouzeau, Stéphane, and Annette Becker. 2000. 14-18, Retrouver La Guerre. Paris: Gallimard.
  • Vejas Gabriel Liulevicius, Kriegsland im Osten. Eroberung, Kolonisierung und Militärherrschaft im Ersten Weltkrieg 1914–1918, Hamburg 2002.
  • Wolfgang J. Mommsen, Die Urkatastrophe Deutschlands. Der Erste Weltkrieg 1914–1918 (Gebhardt. Handbuch der deutschen Geschichte 17), Stuttgart 2002, ISBN 3-608-60017-5.
  • Wolfgang J. Mommsen, Der Erste Weltkrieg – Anfang vom Ende des bürgerlichen Zeitalters. BpB, 2004, ISBN 3-596-15773-0.
  • Sönke Neitzel, Blut und Eisen, Zürich 2003, ISBN 3-85842-448-X.
  • Manfried Rauchensteiner, Der Tod des Doppeladlers: Österreich-Ungarn und der Erste Weltkrieg, Graz, Wien, Köln 1993, ISBN 3-222-12116-8.
  • Norman Stone, The Eastern Front 1914–1917, London 1998.
  • Barbara Tuchman, August 1914. Fischer Taschenbuch, ISBN 3-596-15395-6 (Pulitzer-Präis 1963, populärwëssenschaftlech).
  • Jay Winter (Ersg.), Der Erste Weltkrieg und das 20. Jahrhundert, Hamburg 2002, ISBN 3-930908-76-X.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Éischte Weltkrich – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Le Marche de l'Histoire N°10, 2014