Haaptmenü opmaachen

Lëtzebuerger Nationalfeierdag

D'Tribün virum Arbedsgebai vu wou déi offiziell Gäscht der Parad nokucken (2016)
D'Arméi op der Militärparad (2016)

De Lëtzebuerger Nationalfeierdag ass zu Lëtzebuerg en offizielle Feierdag a gëtt all Joer den 23. Juni gefeiert[1]. Zanter der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg gëtt deen Dag de Gebuertsdag vum jeeweilege Monarch gefeiert an den Dag gouf (a gëtt) dowéinst och als Kinneksdag, Kinneksgebuertsdag oder Groussherzogs- respektiv Groussherzoginsgebuertsdag bezeechent.

Geschichtlech EntwécklungÄnneren

Den Nationalfeierdag gouf net ëmmer um 23. Juni gefeiert. Ënner dem Wëllem I (1815-1840) gouf en de 24. Abrëll gefeiert, obscho säi Gebuertsdag de 24. August war.

Ënner dem Wëllem II (1840-1849) gouf den Dag effektiv op sengem Gebuertsdag, dem 6. Dezember gefeiert wat dozou gefouert huet, datt 1840 den Nationalfeierdag zweemol gefeiert gouf.

Ënner dem Wëllem III (1849-1890) gouf den Dag bis 1859 de 17. Juni gefeiert, duerno war et den 19. Februar, zwéin Deeg no sengem Gebuertsdag.

No der Trennung vum hollänneschen a lëtzebuergeschen Herrscherhaus 1890 gouf ënner den Nassau-Weilburger Monarchen den Nationalfeierdag op dem jeeweilege Gebuertsdag gefeiert. 1947 gouf den Dag als offizielle Feierdag deklaréiert[2].

Ënner der Herrschaft vun der Groussherzogin Charlotte (1919-1964) ass d'Feier op den 23. Januar gefall, also matzen an de Wanter an och hiren Trounfolger Jean hat säi Gebuertsdag am Januar. Dofir gouf den 23 Dezember 1961 duerch e groussherzogleche Beschloss[3], aus reng klimatesche Grënn, decidéiert, den Nationalfeierdag op den 23. Juni ze verleeën (bis 2006 war et esou, datt wann deen Dag op e Sonndeg gefall ass, de Feierdag op de 24. Juni verluecht gouf)[4][5]. Dësen Dag gouf och ënner hiren Nofolger um Troun bis elo bäibehalen.

Oflaf vun de FeierlechkeetenÄnneren

Virowend vum NationalfeierdagÄnneren

  • Beim Groussherzogleche Palais an der Stad ass géint 16 Auer eng feierlech Ofléisung vun der Garde.
  • D'groussherzoglech Koppel mécht eng offiziell Visite a enger gréisserer Uertschaft vum Land. Et gëtt all Joer eng aner Uertschaft besicht.
  • D'ierfgroussherzoglech Koppel, respektiv den Ierfgroussherzog, mécht eng offiziell Visite zu Esch-Uelzecht, der zweetgréisster Stad vum Land.
  • Owes, nodeems d'groussherzoglech Famill nees zréck an der Stad ass an um Knuedler oder bei der Gëlle Fra empfaange gouf, ass an der Stad e Fakelzuch, bei deem vill Veräiner aus dem ganze Land matmaachen.
  • Tëscht 23 Auer an Hallefnuecht ass e grousst Freedefeier, dat traditionell vun der Neier Bréck ofgeschoss gëtt an zanter enger Rei vu Jore och musikalesch begleet gëtt. Wéinst der Renovatioun vun der Neier Bréck gouf d'Freedefeier an de Joren 2014-2016 op den Dräi Eechelen ofgeschoss.
  • Op ville Plaze vun der Stad ginn deen Owend Concerten organiséiert.

Offiziell Feierlechkeeten um Dag selwerÄnneren

 
D'105. Haubitzen um Fetschenhaff am Asaz op Nationalfeierdag (2004)
  • Zanter 2014 gëtt an der Philharmonie (2014 war et den Theater) en ziville Festakt ofgehalen. Bis 2013 war zu dësem Zäitpunkt vum Dag den Te Deum an der Stater Kathedral.
  • Duerno gi vum Fetschenhaff aus vun der Arméi 21 Kanouneschëss ofgeschoss.
  • Géint Mëtteg ass an der Neier Avenue eng militäresch an zivil Truppeparad. Fréier war dat eng réng Militärparad, bei där de Groussherzog als ieweschte Chef vun der Arméi d'Truppen inspizéiert. Wéinst dem Schantje vum Tram an der Neier Avenue ass d'Truppeparad 2019 an 2020 um Kierchbierg, an der Avenue John F. Kennedy[6].
  • Am Nomëtteg ass den Te Deum an der Stater Kathedral.
  • An de Gemenge vum Land ginn op Nationalfeierdag vun de Gemengeverantwortleche lokal Feieren organiséiert.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Nationalfeiertag (23. Juni) op gouvernement.lu
  2. Apropos … die großherzogliche Familie Der Nationalfeiertag S.14 (PDF).
  3. Arrêté grand-ducal du 23 décembre 1961 remplaçant l'alinéa premier de l'article 2 de l'arrêté grand-ducal du 8 août 1947 portant réglementation des jours fériés légaux op legilux.lu, gekuckt den 20. Januar 2019.
  4. Mémorial A, 1961, No. 59, S.1075 (PDF) Service central de législation
  5. „Loi du 31 juillet 2006 portant introduction d'un Code du Travail.“ op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt de 26. Juni 2016.
  6. Krach über Kirchberg op wort.lu de 27. Mee 2019