L'Arlequin (Zäitschrëft 1848)
L'Arlequin war eng satiresch Zäitschrëft, déi 1848 zu Lëtzebuerg vum Charles Munchen gegrënnt gouf.
![]() | |
Typ | Periodique |
---|---|
Sprooch | Franséisch |
Éischt Ausgab | 1848 |
![]() |
Et war déi éischt Lëtzebuerger satiresch Zäitschrëft iwwerhaapt. Am Ganze koume just dräi Nummeren tëscht Mäerz a Mee 1848 eraus. De Jacques Lamort huet se gedréckt an d'Librairie Elter an der Chimaysgaass huet sech ëm d'Abonnementer gekëmmert. Den Editeur war de Charles Munchen.
Den Arlequin war 8 Säiten déck.