Haile Selassie I. vun Ethiopien

Regent vu Ethiopien an de leschte Keeser vun Abessinien

Den Haile Selassie I. vun Ethiopien (op Amharesch: ቀዳማዊ ኃይለ ሥላሴ, Qädamawi Haylä Səllase, wuertwiertlech iwwersat „Muecht vun der Dräifaltegkeet, den Éischten“, gebuer den 23. Juli 1892 als Täfäri Mäkʷännən (ተፈሪ መኰንን) zu Edjersso, an der Provënz Hararghe (Ethiopien), a gestuerwen de 27. August 1975 zu Addis Abeba, war vun 1916 bis 1930 Regent vun Ethiopien a vun 1930 bis 1936 an duerno nees vun 1941 bis 1974 de leschte Keeser vun Abessinien.

Haile Selassie I. vun Ethiopien
Den Haile Selassie I. am Joer 1923
Gebuertsnumm Täfäri Mäkonnän
Gebuer 23. Juli 1892
Gestuerwen 27. August 1975
Addis Abeba
Aktivitéit Politiker, Monarch
De Ras-Täfäri op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg (1924).

Säin Herrschertitel war Neguse Negest („Kinnek vun de Kinneken“) an hie selwer huet sech den 225. Nofollger vum Kinnek Salomon genannt. Säi Prënzennumm war Lij-a Ras Täfäri Mäkonnen (ልጅ ራስ ተፈሪ መኰንን). Vun der Glawensrichtung vun de Rastafari hir, gëtt den Haile Selassie als de Messias veréiert.

Den Haile Selassie zu Lëtzebuerg änneren

De 25. Mee 1924 war de Prënz op enger kuerzer Visitt zu Lëtzebuerg. Hie gouf vun zéng Persoune begleet, dorënner véier Kinneken, souwéi vum Lëtzebuerger Maurice Pescatore, dee wéi et schéngt dem Ras seng Rees an Europa initiéiert hat. De Pescatore hat nämlech grouss Betriber an Nordafrika an huet Kaffi an Ethiopien ugebaut. D'Delegatioun gouf mat de militäreschen Éieren empfaangen, a Presenz vum Prënz Felix a vun nationale grad wéi vun internationalen Autoritéiten[1].

Um Spaweck änneren

Commons: Haile Selassie I of Ethiopia – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Quell: Guy May, 2001, um Spaweck