Limbourg (de. an nl.: Limburg; wa.: Limbôr) ass eng Stad a Gemeng an der belscher Provënz Léck, a Wallounien.

Limbourg
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Awunner 5.939 (1. Januar 2018)
Fläch 2.463
Koordinaten 50° 36’ 00’’ N
      05° 56’ 00’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4830
Websäit http://www.ville-limbourg.be
An der Alstad vu Limbourg

Limbourg läit op der Vesdre, huet eng Fläch vun 24,63 km² a 5.610 Awunner (2005). Aner Uertschaften an der Gemeng sinn Dolhain, Bilstain, Goé an Hèvremont.

Geschicht änneren

D'Buerg Limburg war vun ongeféier 1020 un de Sëtz vun de Grofen, a méi spéit den Herzoge vu Limburg. Nom Doud vum leschten Herzog, 1280, a senger Duechter an Ierwin, 1283, koum et zu engem Sträit ëm d'Ierfschaft, dee bis zu der Schluecht vu Worringen eskaléiert ass. Dës Schluecht gouf vum Herzog vu Brabant gewonnen, deen zanterhier och den Titel "Herzog vu Limburg" dréit. D'Buerg selwer huet an de Joerhonnerten duerno eng ëmmer manner wichteg Roll gespillt, an ass zerfall.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Herzogtum Limburg.

An der Mëtt vum 15. Joerhonnert hat Limbourg ënner dem Inquisateur Jamolet en Ettleches z'erdroen, deen ënner anerem eng ganz Famill hiriichte gelooss hat.[1]. Eng ronn honnert Joer méi spéit haten d'Limbourger dat awer scho vergiess, an eng Parti protestantesch Bierger hunn de Magistrate vu Limbourg hiert Uleies virbruecht fir hire Glawen dee se schonn 30-40 Joer am Geheime praktizéiert haten, fräi an ëffentlech kënnen ze praktizéieren. Dat Uleies huet der Gouvernante vun den Nidderlanden der Marguerite vu Parma net an de Krom gepasst, a si huet hire Gouverneur vun de Pays d'Outremeuse de Jean vun Ostfrisen ugestallt do Remedur ze maachen. Dee war awer an där Saach schlecht drun, well et huet em un Zaldote gefeelt, a sou haten déi protestantesch Limbourger gutt Zäit fir sech Pabeieren ze besuergen, déi zertifiéiert hunn, datt si Katholicke wieren. Si hunn nach mat enger grousser Feier den neie reforméierte Paschtouer François du Jon empfaangen, éier se dunn e puer Deeg duerno Limbourg verlooss hunn.

 
Limburg am Civitatis Orbis Terrarum vum Georg Braun 1575

Am 19. Joerhonnert hu sech an der Ënnerstad, laanscht d'Vesdre, Industrien installéiert, déi Woll verschafft hunn. 1887 huet de Kinnek Léopold II., d'Gileppetalspär, déi südëstlech vun der Stad läit, ageweit.

Kuckt och änneren

  • Limburg fir aner Bedeitunge vum Numm

Um Spaweck änneren

Commons: Limbourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Revue trimestrielle (Weissenbruch) vun 1856, Artikel Le protestantisme dans les pays de Limbourg et d'Outre-Meuse, p.10-11