Kierch Bäerdref

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Bäerdref ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Bäerdref gehéiert.

Kierch vu Bäerdref
Parkierch vu Bäerdref (2015)

Parkierch vu Bäerdref (2015)
Parkierch vu Bäerdref (2015)
Uertschaft / Plaz Bäerdref
Par Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Johannes den Deefer
Konsekratioun 1831
Baujoer 1830
Proprietär Gemeng Bäerdref[1]
Koordinaten 49° 49’ 15.5’’ N
      06° 20’ 56.1’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Johannes den Deefer, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.

Se steet op der Konsdrëffer Strooss, dem CR137, géintiwwer vum Gemengenhaus.

Zur fréierer Par Bäerdref hunn ausser der Kierch vu Bäerdref och nach d'Filialkierch vun der Bollenduerfer-Bréck gehéiert.

Geschicht änneren

Wéi Bäerdref 1803 zu enger selbstänneger Par erhuewe gouf, huet sech d'Fro no enger eegener Parkierch gestallt.[2] Bis dohin hat eng al Kapell joerhonnertelaang als Filialkierch gedéngt. De 26. Februar 1829 krut den Theodor Fichtel de Bauoptrag, eng nei Kierch op deem Terrain vis-à-vis vum Paschtoueschhaus, wou si bis haut steet, ze bauen. Déi al Kapell gouf dobäi als Steebroch fir déi nei Kierch benotzt. Am spéide Summer 1830 war de Bau vun der Kierch sou wäit ofgeschloss. Den 11. Januar 1831 gouf de réimesche Véiergëttersteen an déi nei Kierch transferéiert an als Ënnerbau fir den Haaptaltor opgestallt, awer sou, datt e ganz verdeckt war.   Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Véiergëtterstee vu Bäerdref.
Et goufe kleng Niewenaltär an Hellegestatuen opgestallt an zwou kleng Klacken opgehaangen. Déi virleefeg Benediktioun war de 26. Juni 1831.

An de Joren duerno gouf e klassizisteschen Héichaltor vum Sculpteur Reif vun Tréier installéiert. Den 30. Juni 1847 gouf d'Kierch vum Bëschof Jean-Théodore Laurent konsekréiert. 1857 gouf decidéiert, den Tuerm auszebauen. Et koumen dräi Klacke bäi, an 1862 eng Tuermauer. De Priedegtstull wäert ëm 1865 entstane sinn. E puer Joer méi spéit gouf en neien Altor bestallt, deen, wéi de Virgängermodell, ganz aus Holz war an de réimesche Véiergëttersteen ëmfaasst huet. Zu där Zäit gouf och d'Verwëllef vum Chouer nei ausgemoolt an 1900 goufen nei faarweg Kierchefënsteren agebaut.

Am Zweete Weltkrich huet d'Bäerdrëffer Parkierch schwéier Schied erlidden. 1941 gouf den Tuerm an d'Sakristei duerch e Brand beschiedegt, an an der Ardennenoffensiv gouf d'Kierch an hiren Tuerm, wéi och bal d'ganzt Duerf, uerg beschiedegt. 1949-1950 gouf d'Kierch nees opgebaut. 1951 gouf en neien Tuerm, e puer Meter vun der Kierch ewech, gebaut. Dësen huet bis Enn 2014 gläichzäiteg als Waassertuerm gedéngt. Well déi al Molereie bal ganz zerstéiert gi waren, gouf an der Mëtt vun den 1950 Jore op der hënneschter Mauer vum Chouer e Mosaik installéiert. E weist d'Kräizegungszeen an zwee altestamentaresch Virbiller vum Christusaffer. Den Altor gouf duerch deen, dee bis haut do ass, ersat. Dobäi gouf de réimesche Véiergëttersteen och fir d'éischt zanter Mënschegedenken als Ënnerbau vun der Mensa siichtbar gemaach.

1976 gouf den Altorraum nei organiséiert. Virun den Haaptaltor gouf e méi e klenge Volleksaltor, deen aus der fréierer Kommiounsbänk zesummegesat gouf, opgestallt. E puer Joer méi spéit koum et zu enger gréisserer Renovéierung vun der Kierch.

Uergel änneren

D'Uergel an der Bäerdrëffer Kierch ass vun der Tréierer Uergelmanufaktur Rudolf Oehms. Si gouf op Päischtsonndeg, den 10. Juni 1984 ageweit.   Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel Kierch Bäerdref.

Literatur änneren

  • Schoos, Jean: "Die Geschichte einer Dorfkirche. 150 Jahre Pfarrkirche in Berdorf", in: Conseil de la Fabrique d'Eglise Berdorf (Ed.): Berdorf 1982. Livre d'or édité à l'occasion du 150e anniversaire de la construction et de la consécration de l'église paroissiale..., Luxembourg, Saint-Paul 1982, S.39-78.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Bäerdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Gesetz iwwer d'Gestioun vun de reliéise Gebaier
  2. Quell fir dëst Kapitel: Pfarrei Berdorf