D'Carmen Pereira, gebuer 1936 oder 1937 zu Bissau, an och do de 4. Juni 2016 gestuerwen, war eng Politikerin vu Guinea-Bissau. Si war 1984 dräi Deeg laang Presidentin vun hirem Land, an domat déi éischt Fra an där Positioun an Afrika an déi éischt an eenzeg a Guinea-Bissau.

Carmen Pereira
Gebuer 22. September 1936
Bissau
Gestuerwen 4. Juni 2016
Bissau
Nationalitéit Guinea-Bissau
Aktivitéit Politiker, Partisan
Partei Partido Africano da Independência da Guiné e Cabo Verde

Biographie änneren

Der Carmen Pereira hire Papp war ee vun de wéinegen afrikaneschen Affekoten an der deemoleger portugisescher Kolonie Portugisesch Guinea. Si gouf jonk bestuet an huet sech mat hirem Mann am Onofhängegkeetskrich vun 1958 bis 1961 géint Portugal bedeelegt. Hir politesch Karriär huet 1962 ugefaangen, wéi si Member am Partido Africano da Independência da Guiné e Cabo Verde gouf. An där Partei, déi sech och fir d'Gläichberechtegung tëscht Männer a Fraen agesat huet, ass si eng Revolutiounsféierin ginn an ass ënner anerem och Delegéiert vun hirem Land an der Panafrikanescher Fraenorganisatioun an Algerie gewiescht.

Nodeem si d'Land eng Zäit huet musse verloossen, huet si am Senegal gelieft, éier si an d'Sowjetunioun Medezin studéiere gaangen ass.

Politesch Karriär änneren

No hirer Rentrée a Guinea-Bissau gouf si an d'Volleksversammlung gewielt, wou si vun 1973 bis 1984 och Vizepresidentin war. Vun 1975 bis 1980 war si Presidentin vum Parlament vum Kap Verde, deen zu där Zäit mat Guinea-Bissau zesummegeschloss war, a war Virsëtzend vun der Volleksversammlung wärend der Regierung vum João Bernardo Vieira. Vun 1981 bis 1983 war si Gesondheetsministesch vu Guinea Bissau. 1984 ass si nach eng Kéier zur Presidentin vun der Volleksversammlung gewielt ginn, mä déi Plaz huet si du schlussendlech 1989 opgi fir Member am Staatsrot ze ginn.

Als Presidentin vun der Volleksversammlung war si amtéierend Presidentin vu Guinea-Bissau vum 14. bis de 16. Mee 1984, wärend eng nei Constitutioun vum Vieira, deen duerch e Putsch un d'Muecht komm war, agefouert gouf.

Vun 1989 bis 1990 war si Member am Staatsrot, a vun 1990 bis 1991 Sozialministesch a Vizepremierministesch. Si gouf 1992 vum President Vieira entlooss, dee si fir irresponsabel an inkompetent erkläert huet.

Zanter 2005 ass si nees Vizepresidentin vum Parlament.

Um Spaweck änneren