De Roude Pëtz war e Pëtz an der Stad Lëtzebuerg. E gouf ëm 1740 ugeluecht, fir d'Festung Lëtzebuerg mat Drénkwaasser ze versuergen. Dofir gouf e 64 m déiwe Schacht an de Sandstee gesprengt. Ronderëm de Pëtz war e klengen Tiermchen aus rouden Zillen, wouduerch de Pëtz säi Spëtznumm krut. E war op der Plaz, wou d'Lantergässel an d'Groussgaass zesummekommen. Nom Londoner Vertrag 1867 gouf en ofgerappt[1].

Puits Rouge
Numm lb: (um) Roude Pëtz
fr: Puits Rouge
Längt ca. 15 × 20 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Koordinaten 49° 36’ 42.8’’ N
      06° 07’ 52.4’’ O

D'Waasser gouf mat 2 Fässer, déi jee 108 Liter konnte faassen, un engem Hanfseel eropgezunn. Dëst geschouch mat Hëllef vun engem Trietrad, dat vun Zaldoten, déi eng Strof ofzedrummen haten, un d'Dréine bruecht gouf a sou d'Seel ronderëm eng Wann op-, respektiv ofgewéckelt huet. All 10 Minutten ass sou eng Charge Waasser eropgezu ginn[2].

Haut ass vum Roude Pëtz just den Numm Rescht bliwwen. Op der Plaz gouf 1982 e Sprangbuer opgeriicht, op deem eng Grupp Figuren - 4 Museker, 5 Schof an 2 Kanner - en Hämmelsmarsch duerstellen. D'Skulpture si vum Wil Lofy, dee sech selwer an enger vun de Figuren (dem Akkordeonist) veréiwegt huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hämmelsmarsch-Buer.

Um Spaweck

änneren
Commons: Roude Pëtz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Henri Beck: "La Grand-Rue depuis le temps des Romains artère de passage et lieu de rencontres." In: ons stad 86/2007, S.8.
  2. Anne Schmit: 'Warum... es den Roude Pëtz gibt. telecran.lu. archivéiert