De Pont de Fer ass eng Eisebunnsbréck zu Huy an der Provënz Léck iwwer d'Meuse. Iwwer d'Bréck geet d'Eisebunnslinn 126 (Ciney-Statte) och nach dacks Linn Hesbaye-Condroz genannt. Si steet tëscht de Quartiere Statte (lénks vun der Meuse) a Saint-Léonard (riets), an ass d'Opfaartsramp fir an den Tunnel vum Mont Picard, den direkt um rietsen Uwänner hannendru kënnt.

De Pont de Fer 2009

D'Bréck ass awer net wéi den Numm et seet aus Eisen, si huet just den Numm vun der aler Eisebréck vun 1872, déi virdrun do stoung, behalen.

Et ass eng stenge Bréck mat 4 Béi, déi tëscht 1920 an 1924 am Bloe Stee gebaut gouf.

D'Spanwäite vun de Béi sinn: 3 x 46.8 m an 11 m.

Hir Nopeschbréck op der Eisebunnsstreck ass de Viaduc vu Chinet. D'Bréck steet um Flosskilometer 76,84 an op der Meuse ass hir Nopeschbréck no uewen d'Bréck vu Ben-Ahin an no ënnen d'Baudouinsbréck.