Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den hellege Willibrord gouf ongeféier 658 an Northumbrien (e fréiert Kinnekräich am Norde vum haitegen England a Südoste vu Schottland) gebuer an ass de 7. November 739 zu Iechternach gestuerwen. Hien ass scho mat 5 Joër a senger Heemecht an d'Klouschter Ripon gaangen a gouf méi spéit en angelsächsesche Benediktiner a Missionnaire, deen d'Iechternacher Abtei gegrënnt huet. No der Tréischterin ass de Wiilibrord den 2. Patréiner vum Lëtzebuerger Land.

Willibrord
Gebuer 658 jul.
Gestuerwen 7. November 739 jul.
Iechternach
Aktivitéit Missionnaire, kathoulesche Bëschof
De Sarkophag mat den Iwwerreschter vum hellege Willibrord an der Krypta vun der Basilika zu Iechternach
Statu zu Iechternach

De 7. November 2015 gouf de Willibrord vum Äerzbëschof vu Lëtzebuerg nieft dem Tarcisius zum zweete Patréiner vun de lëtzebuergesche Massendénger ernannt[1],[2],[3].

Literatur änneren

  • Geschichte des Heiligen Willibrord und seiner Reliquien. Den frommen Pilgern gewidmet. Luxemburg, Drock vum M.Huss 1906. 48 Säiten.
  • Haag, Emil, 2011. St Willibrord et Echternach *658 739: vie et oeuvre d'un saint de dimension européenne, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 72-83.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Willibrord – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. „Willibrord zum Schutzpatron der Luxemburger Messdiener ernannt“ op wort.lu, 8. November 2015
  2. (asc/Jma), 2015. Willibrorduswallfahrt in Echternach. Auftakt mit Überraschung. Willibrord zum Schutzpatrton der Messdiener ernannt. Luxemburger Wort vum 9. November 2015, S. 20.
  3. Artikel op cathol.lu