Mercier ass eng Schampesmark, déi 1858 vum Eugène Mercier (1838-1904) zu Épernay gegrënnt gouf. Mercier ass déi Mark Schampes, déi a Frankräich den héchsten Ëmsaz huet.[1]

Mercier zu Épernay

Geschicht

änneren

1858 huet den Eugène Mercier am Alter vun 20 Joer d'Schampeshaus gegrënnt. 1869 huet Mercier en Terrain zu Épernay an der Avenue de Champagne kaf, an do de Firmesëtz ageriicht, deen haut och nach do ass. Do gëtt et zanter 1871 wäit an de Kräidfiels gegruewe Kelleren, wou bis haut de Schampes gelagert an affinéiert gëtt. Se leien an enger Déift vun enger 30m a bestinn aus engem System vun 18 km Gäng.[2].

D'Succursale zu Lëtzebuerg

änneren
 
D'Gebaier op der Stater Gare tëscht 1890 an 1910 (Foto: Charles Bernhoeft)
 
Annonce am Luxemburger Wort (1889)

1885 huet d'Compagnie des Grands Vins de Champagne E. Mercier & Cie en Deel vun hirer Schampesproduktioun op Lëtzebuerg verluecht. De Grond war, well Lëtzebuerg Member vum Däitschen Zollveräin war, an d'Douanestaxen um Wäin a Fässer méi niddreg ware wéi déi um Wäin a Fläschen. Deemno hu se de Wäin op Lëtzebuerg exportéiert an eréischt do a Fläschen ofgefëllt, fir dës weider, gréisstendeels an Däitschland, ze verkafen.[3]

Déi éischt Succursale war an der Stad Lëtzebuerg um Fetschenhaff, am fréiere Fort Dumoulin. 1886 gouf e Gebai zu Hollerech, no bei der Stater Gare gebaut, wou et en Uschloss un d'Eisebunnsnetz krut.[4] Dëst gouf 1892 vergréissert, an 1894 gouf ugefaangen, de Wäin, deen aus der Champagne a Fässer importéiert gouf, a Fläschen ofzefëllen. Et goufen deemools 35-40.000 Fläschen am Dag ofgefëllt.[5]

1899 goufen ënner dem Gebai, op 3 Stäck, Kellergallerië gebaut, vun am Ganzen 1,2 km Längt. 4 Millioune Fläsche konnten do gelagert ginn. D'Kellere goufen eng grouss Attraktioun, a vu 25-30.000 Leit am Joer besicht.[5]

Ëm d'Joerhonnertwenn hu bis zu 300 Leit bei Mercier geschafft, 1,2 Millioune Fläsche goufe verkaf.[3]

Fir d'Fläschen ze schützen, goufe se an hëlze Këschten an a Weidekierf agepaakt. 1895 huet Mercier dofir extra am Weidendall, am Dall vun der Mamer, tëscht Steesel a Koplescht, en Areal vu 4 ha kaf (dat no an no op 40 ha vergréissert gouf), fir Weiden unzeplanzen, aus deenen hire Rudde Kierf geflecht goufen. Bis zu 100 Leit hunn an der Kierfflechterei geschafft.[3]

Ee vun deenen eelsten zu Lëtzebuerg gedréinte Stommfilmer ass Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier vum Peter a Wendel Marzen aus dem Joer 1907.

Nom Éischte Weltkrich war et eriwwer mam Zollveräin an et ass séier biergofgaang mat der Hollerecher Schampesproduktioun. D'Fabréck konnt bis an d'1930er Joren iwwerliewen, mä um Enn waren déi meescht vun hiren Hale verlount. 1961 huet d'Spuerkeess d'Areal mat Gebaier a Kellere fir 39 Millioune Frang kaf, an 1965 ofrappe gelooss, fir do d'Gebai vun der Post opriichten ze loossen. Just e puer Kellerverwëlleffer sinn erhale bliwwen, do lageren d'Nationalarchiver Dokumenter, well hiert Gebai scho laang ze kleng ass.[3]

Am Garer Quartier erënneren haut nach e puer Stroossennimm un d'Aktivitéite vun der Firma Mercier zu Lëtzebuerg: d'rue d'Épernay, d'rue de Reims an natierlech d'rue Mercier.

 
D'Faass Le foudre

Op der Weltausstellung vun 1889 zu Paräis huet Mercier dat deemools gréisst Wäifaass vun der Welt ausgestallt. Et housch Le Foudre an hat e Volume vu 1600 Hektoliter. Haut steet et an der Entréeshal vu Mercier zu Épernay.

Mercier hat am Ufank d'Rechter op der Mark Dom Pérignon, huet déi awer 1930 u Moët & Chandon verkaf.

1970 huet Mercier mat Moët & Chandon fusionéiert. 1987 goufen déi zwee vun der nei gegrënnter Luxusmark LVMH iwwerholl.

Um Spaweck

änneren
Commons: Mercier (Champagner) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. T. Stevenson, ed. The Sotheby's Wine Encyclopedia (4th Edition) pg 181 Dorling Kindersley 2005 ISBN 0751337404
  2. http://www.champagnemercier.fr
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 René Clesse: Tabak und Champagner made in Luxembourg: Die Hollericher Belle Epoque. ons stad 57, 1998, S.10-13; op onsstad.lu (pdf 1MB), nogekuckt: 2023-08-22.
  4. "'Mercier' aus Épernay: Echter Champagner aus Luxemburg.", Luxemburger Wort, 27. Dezember 2011
  5. 5,0 5,1 Radio 100,7, 10.08.07, Emissioun vun 9h15-9.30.