Guy Helminger
De Guy Helminger, gebuer den 20. Januar 1963 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller. Hie lieft zu Köln.
Guy Helminger | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
20. Januar 1963 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Member vun | PEN-Zentrum Deutschland |
Famill | |
Geschwëster | Nico Helminger |
LiewenÄnneren
De Guy Helminger huet Germanistik a Philosophie zu Lëtzebuerg, Heidelberg a Köln studéiert.
Hien huet als Barkeeper, Schauspiller, Regieassistent an 3D-Graphiker geschafft. Hie leet Seminairen, an deenen hien den Auteuren d'Virliesen an d'Virdroe vun hiren Texter méi no bréngt.
Hien huet ausserdeem laang Reesen duerch Afrika, Asien, d'USA a Neiséiland gemaach.
2010 bis 2012 huet hie samsdes owes d'Sendung Kultur op RTL Télé Lëtzebuerg presentéiert, dono, vun 2012 bis 2017, d'Emissioun DNA iwwer Kriminalfäll.
De Guy Helminger ass de Brudder vum Nico Helminger.
WierkÄnneren
LyrikÄnneren
- Die Gegenwartsspringer. (Gedichter), Verlag am Schluechthaus, Esch-Uelzecht, 1986.
- Entfernungen (in Zellophan). (Gedichter), Éditions Phi, Iechternach, 1998.
- Leib eigener Leib. (Gedichter), Éditions Phi, Iechternach, 2000.
- Ver- wanderung. (Gedichter), Éditions Phi, Esch-Uelzecht, 2002.
- Libellenterz. Gesammelte Gedichte[1], mat CD, Éditions Phi, Déifferdeng, 2010, 506 S. ISBN 978-2-87962-284-2
- Die Tagebücher der Tannen. Edition Rugerup, Berlin 2018, ISBN 978-3942955775.
ProsaÄnneren
- Die Ruhe der Schlammkröte, Roman, Köln, 1994; nei erausginn a commentéiert vum Manuel Andrack bei KiWi, 2007.
- Rost. Echternach: Éditions Phi. ISBN 978-3-88865-202-8.
- Kurzgeschichten, Iechternach, Éditions Phi, 2001
- Etwas fehlt immer, Erzielungen, Suhrkamp Verlag, 2005
- Morgen war schon, Roman, Suhrkamp, 2007
- Neubrasilien, Roman, Eichborn, 2010
- Die Lombardi-Affäre, Roman, Capybara Books, 2020. ISBN 978-99959-43-32-5
KannerbicherÄnneren
- Eine Tasse für Nofretete Nilpferd. Illustréiert vum Manuela Olten. Bloomsbury, Berlin 2010.
LauschterspillÄnneren
- Habicht., SR, 1999.
- 5 Sekunden Leben., WDR, 2001.
- Morgen ist Regen., WDR, 2001.
- Wasser., WDR, 2002.
- Nachbarn., HR, 2002.
- Fluggeräte., WDR, 2003.
- Rekonstruktion Kresch., WDR, 2005.
TheaterÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- Wer noch glaubt., 1992.
- Venezuela., 2003.
Video-InstallatiounenÄnneren
- Kuchen essen für Europa. (mam Martin Möller), 2002.
PräisserÄnneren
- Hörspiel vum Mount Mäerz 2001 fir 5 Sekunden Leben.
- Fërderpräis fir Jugend-Theater vum Land Baden-Württemberg 2002.
- Prix Servais 2002 fir Rost[2].
- 3sat-Präis, 2004.
- Dresdner Lyrikpreis 2016
- Gustav-Regler-Preis 2020[3]
LiteraturÄnneren
- Rolf Parr, Thomas Ernst, Claude D. Conter (Hgg.): Guy Helminger: Ein Sprachanatom bei der Arbeit. Synchron Wissenschaftsverlag der Autoren, Heidelberg 2014. ISBN 978-3-939381-69-3.
Um SpaweckÄnneren
- Offiziell Säit www.guyhelminger.de
- De Guy Helminger op der Websäit vum Centre national de littérature
- Artikel aus dem "Marburger Forum" iwwer "Etwas fehlt immer"
- De Guy Helminger liest aus Neubrasilien, op zeit.de (Video).
ReferenzenÄnneren
- ↑ Sprachschnittig, Rezensioun vum Elise Schmit, d'Lëtzebuerger Land, 19. November 2010
- ↑ Innersprachliche Suche nach der Einzigartigkeit des Augenblicks: Prix Servais 2002 für Guy Helminger - mention spéciale an Prof. Joseph Groben / Jeff Baden In: LW. - n 156 (2002, 8 juillet), S. 5
- ↑ "Den Auteur Guy Helminger kritt dëst Joer de Gustav-Regler-Präis." rtl.lu, 25.09.2020 06:31.