Gusty Graas

lëtzebuergesche Politiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Gusty Graas. Fir de Moler a Manager Gust Graas, kuckt wgl. Gust Graas.
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Gusty Graas, gebuer de 14. September 1957 zu Beetebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (DP).

Gusty Graas
De Gusty Graas (2019)
Pseudonym Gust Graas, Gusty Graas
Gebuer 14. September 1957
Beetebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei Demokratesch Partei

Hie war vun 1999 bis 2004 an ass zanter 2013 nees Deputéierten an der Chamber. No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 ass hien de 6. Dezember fir de Claude Meisch, dee Minister gouf, 'nogeréckelt'.[1]

Bei deene vum 8. Oktober 2023 gouf hien erëmgewielt.[2]

Zanter 1988 ass hie Conseiller an der Gemeng Beetebuerg, an zanter 2017 do am Schäfferot.

Vun 1990 bis 2010 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise des pêcheurs sportifs, dem Lëtzebuerger Sportfëscherverband.

De Gusty Graas war vun 2002 bis de 24. Oktober 2011 Administrateur-délégué vun den Éditions Lëtzebuerger Journal.[3] Hien huet an där Zäit och en Universitéitsstudium nogeholl a krut 2010 e Bachelor an Europäesche Kulturen, Sektioun Geschicht, vun der Universitéit Lëtzebuerg.[4]

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. "Actualités" op chd.lu, 6.12.2018.
  2. elections.lu.
  3. Archive copy Archivéiert op 2012-08-04. Gekuckt de(n) 2011-10-25.
  4. http://www.journal.lu/2010/10/21/119-nouveaux-diplomes-du-bachelor/
  5. Memorial B n° 50 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1996 eng national Auszeechnung kritt hunn
  6. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004