Albert Biever

lëtzebuergesche Jesuit

Den Albert Biever, SJ, gebuer de 24. Abrëll 1858[1] am Bieveschgaart um Lampertsbierg[2],[3] (deemools Gemeng Rollengergronn), gestuerwen de 14. November 1934 zu New Orleans (USA)[4], war e lëtzebuergesche Jesuitt.

Albert Biever
Gebuer 24. Abrëll 1858
Lampertsbierg
Gestuerwen 14. November 1934
New Orleans
Famill
Geschwëster Zephyrin Biever

Säi Liewen änneren

No sengem Studium am Progymnase zu Iechternach an am Collège Saint Joseph zu Tournai,[5] dee vu Jesuitte geleet gouf, ass den Albert Biever am Alter vu 17 Joer an Amerika ausgewandert, wou hien 1889 an de Jesuittenuerden agetratt ass. Hie war den éischte President vum Loyola College zu New Orleans, deen 1904 seng Dieren opgemaach huet an 1912 de Status vun enger Universitéit krut[4].

Den Albert Biever ass den Auteur vum Buch: The Jesuits in New-Orleans and the Mississippi Valley[2].

Hien ass de Brudder vum Zephyrin Biever[2].

Publikatiounen änneren

  • Albert H. Biever, SJ, 1924. The Jesuits in New Orleans and the Mississippi Valley. New Orleans, 173 S.

Literatur änneren

  • Anonym, 1925. Limpertsberg, 4. September. Luxemburger Wort 1925, Nr. 259 (16. September), S. 4. LW1925-09-16: 4 [1]
  • Anonym, 1929. Jesuitenpater Albert Biever. Luxemburger Wort 1929, Nr. 280 (7. Juli), S. 4 (Kleines Feuilleton). [2]
  • Bost, B., 2012a. Hochschulgründer aus Rollingergrund: unter Albert Biever erhielt am 10. Juli 1912 das Loyola College den Status einer Universität. Lëtzebuerger Journal 2012, Nr. 131 (10. Juli), S. 19. (Archived by WebCite®)
  • Bost, B., 2012b. Universitätsgründer Albert Biever SJ (1858-1934) aus Rollingergrund: “Ein Träumer nach dem Herzen Gottes”. Vor 100 Jahren staatliche Anerkennung der Loyola Universität in New Orleans. Die Warte 2012, Nr. 23 (12. Juli), S. 14-15.
  • Clancy, T. H., Albert H. Biever, S.J. (1859-1934). [3]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Bost 2012b. Am Wort vun 1929 (Anonym 1929) steet och d'Joer 1858; de Clancy schreift: 1859.
  2. 2,0 2,1 2,2 Anonym 1929.
  3. Anonym 1925.
  4. 4,0 4,1 Bost 2012a.
  5. Bost 2012b.