Les Aventures de Tintin

Comicserie
(Virugeleet vu(n) Dem Tintin seng Geschichten)

Les Aventures de Tintin, op Lëtzebuergesch Dem Tintin seng Geschichten (an der fréierer Schreifweis Dem Tintin séng Geschichten), ass eng vun de bedeitendsten europäesche Comicsserien. De Belsch Hergé (Georges Rémi, 1907–1983) huet dës humoristesch Abenteuercomicke vun 1929 bis zum Enn vu sengem Liewe geschriwwen a gezeechent.

Den Tintin an de Kapitän Haddock mat anere Personnagen aus der Serie op enger Wandmolerei an der Bréisseler Metrosstatioun Stockel/Stokkel.

Den Titelheld vun de Geschichten, den Tintin, ass e jonke belsche Reporter, deen uechter d'Welt (a souguer bis op de Mound) reest an dobäi an Aventurë verwéckelt gëtt. Deen éischten Optrëtt hat den Tintin den 10. Januar 1929.

Albumen änneren

Et gëtt 24 Albume mam Tintin sengen Aventuren, wouvun dee leschten net fäerdeg gouf, an dofir zum Deel nëmmen als Maquette besteet.

Tëscht 1987 an 1994 si vum Lex Roth 7 Episoden op Lëtzebuergesch iwwersat ginn; d'Titele stinn hei drënner hanner dem franséischen Original.

Personnagen änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Personnagen aus dem Tintin senge Geschichten.

Autoen änneren

Déi vill verschidden Autoen an den Tintinsalbumen sinn dem Hergé senger Léift fir d'Autoen zouzespriechen, besonnesch de sportlechen italieenesche Modeller wéi hien der spéider och selwer hat. Am Ufank vum Tintin senge Geschichten an deenen hie sech selwer mam Reporter identifizéiert, hat hie selwer nach keen Auto an e setzt den Tintin an Autoen déi méi der Situatioun ugepasst sinn, wéi de finanzielle Méiglechkeete vun engem jonke Reporter. Sou ass den Tintin an der ganzer Serie vun Albumen nëmmen zweemol selwer de Proprietär vun engem Auto, an zwar am Album Tintin au pays des Soviets eng Amilcar an am Tintin au Congo eng Ford T. Et ass och ganz rar datt en an zwéin Albumen de selwechten Auto benotzt.

Vum Hergé sengen eegenen Autoe sinn der nëmmen dräi an den Albume vertrueden, eng blo Porsche 356, d'Opel Olympia an d'Lancia Aprilia

Numm Album Joer Bemierkungen Biller
Jeep Willys CJ-2A Objectiv Lune 1953
Jeep Willys MB Tintin au pays de l'or noir 1950
Ford T Tintin au Congo 1946
 
Lincoln Torpedo Grand sport Les cigares du pharaon 1955
Nash
Ford
Dodge
Le lotus bleu 1946
Alfa Romeo P3
Amilcar CGSS
Era
Les cigares du pharaon 1955 Déi rout Rennmaschinn gouf aus deenen dräi Modeller zesummegebastelt. D'Calander ass vun der Amilcar CGSS (1927) (verschidde Modeller haten eng aner Calander, wéi déi hei op der Foto), de Capot an d'Auspuffréier vun der Alfa Romeo P3 an dem Jacques Martin no, kënnt de hënneschten Deel vun enger Era.      
Simca Aronde L'affaire Tournesol 1956
 
Checker Taxi Tintin en Amérique 1945
Citroën 2CV L'affaire Tournesol 1956
 
Ford V8 (Modell 1936) L'oreille cassée 1943
Buick Roadmaster Tintin au pays de l'or noir 1950
 
Mercedes 600
Zil 114
Tintin et les Picaros 1976
Rosengart LR2 L'oreille cassée 1943
Cadillac Fleetwood convertible Sedan Tintin au Tibet 1960
Citroën 5HP Tintin au pays de l'or noir 1950
Opel Olympia Cabriolet Le sceptre d'Ottokar 1947 Den Opel Olympia Cabriolet war dem Hergé säin éischten Auto. Dofir hat hie vill Wäert drop geluecht fir deen Auto schéin am Le sceptre d'Ottokar ze presentéieren. An deem Band verfollegt den Tintin op engem décke Motto d'Terroristen déi an engem schassgielen Olympia fortrennen.
 
Lincoln Zephir Cabriolet Les sept boules de crysral 1948
 
Ami 6 Les bijoux de la Castafiore 1963
Facel Vega
Mercedes 300 SL
Chevrolet Bel Air
L'affaire Tournesol 1956
Packard Super Eight Coupé Le sceptre d'Ottokar 1947
Lancia Aprilia Tintin au pays de l'or noir 1950
 
Lancia Aurelia B20-GT2500 L'affaire Tournesol 1956
 
Citroën 15-Six L'affaire Tournesol 1956
 
Amilcar
Imperia
Hotchkiss
Le crabe aux pinces d'or 1953
Ford V8 (Modell 1937) Les 7 boules de cristal 1950
Cadillac LaSalle Le sceptre d'Ottokar 1947
Triumph Herald 1200 L'île noire 1966
 
Ford Matford V8-75 Le crabe aux pinces d'or 1953
Eccles GT 305 (Roulotte) L'île noire 1966
Dodge Coronet Objectiv Lune
L'affaire Tournesol
1953
1956
Am Album Tintin Hergé Les Autos gëtt d'Virlag fir den Auto als eng Dodge Coronet special de luxe opgefouert. Unhand vun der Struktur vum Külergrill wier et awer éischter de Virgängermodell Dodge Wayfarer (zweet Bild). Et ass deen eenzegen Auto deen an zwéin Albumen opdaucht    
MG 1100 L'île noire 1966 Um Bild ass eng MG 1300 ze gesinn, déi déi selwecht Carrosserie hat wéi d'1100er.
 
Citroën 2CV (Belsch Konstruktioun 1954) Les bijoux de la Castafiore 1963 Et ass keng Prezisoun ze fanne wat fir ee vun den zwéin 1954er Modeller gemengt ass.
Peugeot 403 Les bijoux de la Castafiore 1963
 
Sumida ARM Le lotus bleu 1946
Chrysler Imperial
Packard Six
Tintin en Amérique 1945
Volkswagen Transporter L'affaire Tournesol 1956
Ford V8 Cabriolet Le sceptre d'Ottokar 1947
Miesse Le lotus bleu 1946
Chrysler Six Le lotus bleu 1946
Jaguar Mk X L'île noire 1956

Kuriéises änneren

Op senge Reesen uechter d'Welt kritt den Tintin mat exotesche Sproochen ze dinn, wéi z. B. Syldawesch oder d'Sprooch vun den Arumbaya-Indianer. Dës "Sprooche" sinn awer a Wierklechkeet, duerch d'Schreifweis verfriemt "Marollien", eng Zort Argot, deen am Quartier Marolles zu Bréissel geschwat gouf, an deen den Hergé duerch seng Bomi kannt huet.

Sou ass d'syldawesch Nationaldevis "Eih bennek, eih blavek" soss näischt wéi "Hier ben ik, hier blijf ik" - "Hei sinn ech, hei bleiwen ech". D'Wierder vun engem syldawesche Polizist: "Zsálu endzoekhoszd" heeschen "Äddi, bis geschwënn" ("Salut en de kost"), asw.

Och Nimm kënne sou déchiffréiert ginn: Bab El-Ehr -> babbeleir, "Schnëssbatti", "Téinert"; Ezdanitoff -> Is dat niet tof? "Ass dat net flott", asw.

Literatur änneren

  • „Rassistische Stereotype, stilbildende Kunst“ am Luxemburger Wort vum 12. Januar 2019, Säit 20

Um Spaweck änneren