UNESCO (oder Unesco) ass den Akronym fir United Nations Education, Science and Culture Organisation, deemno d'Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur. Si gouf de 16. November 1945 gegrënnt an huet hire Sëtz zu Paräis.

De Logo vun der UNESCO.[1]
D'Audrey Azoulay, Generaldirektesch vun der Unesco

D'Unesco organiséiert hir Aarbecht a 5 grousse Programmen: d'Educatioun, d'Naturwëssenschaften, d'Sozial- a Geeschteswëssenschaften, d'Kultur an d'Kommunikatioun an Informatioun.

D'Unesco huet 195 Memberstaaten (Stand: Oktober 2018) an ass virun allem bekannt fir hir Lëscht vum Weltierwen, déi dës a verschidde Kategorien deelt.

D'Franséisin Audrey Azoulay ass zanter 2017 Generaldirektesch vun der Unesco.

Lëtzebuerg an d'Unesco änneren

Lëtzebuerg war zanter 1943 un der Grënnung vun der Unesco bedeelegt. Besonnesch den Alphonse Als, Kabinettschef vum Ausseminister Joseph Bech, huet sech am Kader vun der Conference of the Allied Ministers of Education (CAME) fir d'Grënnung vun der Unesco agesat.[2].

Lëtzebuerg ass de 27. Oktober 1947 der Unesco bäigetrueden[3].

Nodeems d'Stad Veianen an d'Buerg 1993 op déi Indikativ Lëscht vun der Unesco ageschriwwen goufen, ass dat Joer duerno d'Alstad vun der Stad Lëtzebuerg als eng Plaz vum Weltierwe klasséiert ginn[4].

Zanter dem 10. Juni 1997 ass d'Groussherzogin vu Lëtzebuerg Maria Teresa "Ambassadrice de bonne volonté de l'Unesco pour l'éducation des femmes et des filles"[5].

Vum 15. bis de 17. Mee 2003 war de Kōichirō Matsuura[6], Generaldirekter vun der Unesco, op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg.

2003 gouf d'Fotosausstellung The Family of Man vum Edward J. Steichen an de Régistre de la mémoire du monde agedroen.

Den 31. Januar 2006 huet Lëtzebuerg d'Konventioun fir d'Erhale vum immaterielle Kulturierwen approuvéiert[7]. Dat selwecht Joer huet Lëtzebuerg och nach d'Konventioun géint den Doping am Sport (11. Dezember)[8] an d'Konventioun fir d'Protektioun an d'Promotioun vun der Diversitéit vun de kulturellen Ausdrocksformen (18. Dezember) ënnerschriwwen[9].

Vun 2007 bis 2009 war Lëtzebuerg fir d'lescht am Exekutivcomité vun der Unesco vertrueden.

2010 gouf d'Iechternacher Sprangpressessioun op d'Lëscht vun der immaterieller Kulturierfschaft agedroen.

2011 gouf en Unesco-Léierstull fir Mënscherechter op der Uni Lëtzebuerg ageriicht. Responsabel ass de Professer Jean-Paul Lehners[10].

Vun 2012 bis 2015 war Lëtzebuerg am "Conseil international de coordination du Programme sur l'homme et la biosphère" vertrueden[11].

De kulturbegeeschterte Jean-Pierre Kraemer huet sech mat Leif a Séil a senger Funktioun als President vun der Commission nationale luxembourgeoise pour la coopération avec l'Unesco (1994 bis 2015) engagéiert.

National Unesco-Kommissiounen änneren

D'Unesco huet 195 Memberstaaten (Stand: Oktober 2018), déi national UNESCO-Kommissiounen ageriicht hunn. Dozou gehéiert och Lëtzebuerg, wat 1949 seng éischt Lëtzebuergesch Unesco-Kommissioun ageriicht huet. D'Nationalkommissioune vun der Unesco stellen e speziellt Netzwierk am System vun de Vereenten Natiounen duer, fir d'Ziler vun der Unesco an hire Memberstaaten ze fërderen an an d'Praxis ëmzesetzen. Si bezéien d'Forces vives aus de jeeweilege Länner, déi mat Bildung, Wëssenschaft, Kultur a Kommunikatioun ze dinn hunn, mat an d'Planung, d'Ëmsetzung an d'Evaluatioun vum breet ugeluechten Unesco-Programm an.

Literatur änneren

  • Genot, Gilles, Luxemburg in der UNESCO : Die Anfangsjahre (1943 bis ca. 1950), Hémecht (2019), p. 311-324
  • Wolf, Claude, 2015a. Die Unesco sichtbar machen. Den Friedensgedanken weitertragen. Interview mit Großherzogin Maria Teresa. Tageblatt 266: 4-5 (14. November 2015).
  • Wolf, Claude, 2015b. Das Denken der Menschen ändern. UNESCO Vor 70 Jahren wurde die Weltkulturorganisation gegründet. Tageblatt 266: 5 (14. November 2015).
  • Wolf, Claude, 2015c. Weltorganisation mit Lokalkolorit. UNESCO: Ein Rückblick und seine Luxemburger Auswirkungen. Tageblatt 267: 42-43 (16. November 2015).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: UNESCO – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Cf. http://www.unesco.org/new/en/name-and-logo/
  2. Genot, Gilles, Luxemburg in der UNESCO : Die Anfangsjahre (1943 bis ca. 1950), Hémecht (2019), p. 311-324, hei S. 313-315.
  3. Quell: L'UNESCO et le Luxembourg: Donnéées et repères essentiels. Document interne de la Commission nationale pour la Coopération avec l'UNESCO. Dernière mise à jour: avril 2015.
  4. 17. Dezember 1994. De 17. Dezember 2019 starten d'Festivitéite fir de 25. Joresdag.
  5. Cf. Wolf 2015a an der Literatur.
  6. Cf. https://fr.wikipedia.org/wiki/K%C5%8Dichir%C5%8D_Matsuura
  7. Fr.: Convention pour la sauvegarde du patrimoine culturel immatériel.
  8. Fr.: Convention contre le dopage dans le sport.
  9. Fr.: Convention sur la protection et la promotion de la diversité des expressions culturelles.
  10. Cf. http://wwwfr.uni.lu/chaire_unesco_en_droits_de_l_homme
  11. Delegéiert waren de Georges Bechet an de Christian Ries vum Nationale Musée fir Naturgeschicht.