Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Blummendall ass eng Uertschaft an de Gemenge Bech a Jonglënster.

Blummendall
Am Blummendall
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Blumenthal
de: Blumenthal
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gréiwemaacher
Gemeng Bech
Jonglënster
Buergermeeschter Jill Goeres
Bernard Ries (DP)
Awunner 67
  1 Januar 2021; 1 Januar 2022; 1 Januar 2023
Koordinaten 49° 44’ 40’’ N
      06° 15’ 57’’ O
Weekräiz

Geographie änneren

De Blummendall läit op enger Héicht vun 281 Meter um Zesummefloss vun der Heesterbaach an der Schwaarzer Iernz. E läit op der Grenz vun de Gemenge Jonglënster a Bech, resp. de Kantonen Iechternach a Gréiwemaacher: D'Nationalstrooss 14 geet als Dikrecher Strooss duerch d'Uertschaft; d'Haiser laanscht dës Strooss gehéieren zu der Gemeng Bech, déi dräi südlechst souwéi den Haff mat der Kapell, zu der Gemeng Jonglënster.

Geschicht änneren

D'Uertschaft Blummendall ass eréischt am spéiden 18. Joerhonnert entstanen, op der Ferraris-Kaart ass se nach net agezeechent.

Den Numm vun der Uertschaft huet näischt mat Blummen ze dinn, mä d'Historiker huelen un datt e sech op de keltesche Gott vun der Sonn Bel, och Belaun genannt, oder awer op d'Gëttin Belisama, d'keltesch Juegdgëttin, bezitt.[1]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Blummendall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Die Kultur- und Natur-Rundwanderwege der Gemeinde Junglinster; S. 40 op der Websäit vun artlenster.lu