Gare Däitsch-Oth
D'Gare vun Däitsch-Oth ass eng Kappgare vun der Lëtzebuerger Eisebunn, zu Däitsch-Oth ((fr) Audun-le-Tiche) am Departement Moselle a Frankräich.
![]() En Zuch an der Gare vun Däitsch-Oth am Juni 2011 | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1880 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Frankräich |
Gemeng | Däitsch-Oth |
Koordinaten | 49°28'43,039"N, 5°57'31,417"O |
Héicht i. M. | 301 m |
Reseau | |
Statiounscode | Au |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
Linn(en) | Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Däitsch-Oth |
P.K. | 12,100 km |
Gleiser | 1 |
Gleiser mat Quai | 1 |
Nopeschstatioun(en) | Gare Esch-Uelzecht |
Websäit | https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Audun-le-Tiche |
![]() | |

Se läit tëscht der Liaison Micheville (D326) am Westen an der Rue Napoléon 1er (D16) am Osten, ronn 1 km. hannert der Lëtzebuerger Grenz. D'Gare Däitsch-Oth ass den Terminus vun der Niewelinn Esch-Uelzecht - Däitsch-Oth vun der Linn Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange vum CFL-Zuchreseau. Déi Gare virdrun ass Esch-Uelzecht.
Bei der Gare ass e Park & Rail-Parking mat 107 Plazen an zwou spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. D'Gare ass op der Halt Audun-le-Tiche, Gare un den RGTR-Reseau (Linne 602, 603 a 604) ugebonnen.
Geschicht
ännerenD'Gare vun Däitsch-Oth goung den 1. Abrëll 1880 op, wéi d'Streck vun Esch-Uelzecht op Däitsch-Oth an déi vun Däitsch-Oth op Réideng opgemaach goufen. Dat ursprénglecht Gebai vun der Gare war uganks haaptsächlech op de Wuerentransport ausgeluecht.
D'Offer an der Gare gouf vum 11. Mäerz 1904 u verstäerkt, wéi d'Streck vu Fensch bis op Däitsch-Oth verlängert gouf. Vun 1901 un – a bis d'Bréck vun Däitsch-Oth gebaut war – ass d'Streck just bis op d'Héicht vun der Stad gaangen, den Terminus war dunn an der Gare Audun-le-Tiche-Mont.
Well dat aalt Gebai vun der Gare net adequat war fir Passagéierservicer unzebidden, gouf 1910 en neit Gebai gebaut. Et war e richtegt Voyageursgebai mat allen néidegen Equipementer, dorënner Waardesäll, engem Guichet an enger Schlofplaz fir d'Maschinisten.
Virum respektiv nom Krich goufen déi franséisch Linnen noeneen zougemaach:
- 15. Mee 1937: Voyageurstrafick op der Streck iwwer Réideng op Héiseng-Guebereng,
- 1948: Voyageurstrafick fir op Fensch,
- uganks vun den 1990er Joren: Giddertrafick op Fensch,
- 19. Oktober 1967: Giddertrafick op Réideng an Héiseng-Guebereng.
Nodeem uganks vun den 1990er Joren och de leschte franséischen Uschloss zougemaach gouf, hat d'Gare just nach eng Verbindung mam lëtzebuergesche Reseau. D'Streck fir op Lëtzebuerg gouf doropshin 1992 an d'Rei gesat a moderniséiert, awer just nach eegleiseg amenagéiert.
Tarifikatioun
ännerenObwuel d'Gare vun Däitsch-Oth net um Lëtzebuerger Territoire läit, zielt d'Gratuitéit do trotzdeem, well se als "Gare assimilée" zum CFL-Reseau gehéiert.
Zich déi an der Gare halen
änneren(Stand: Abrëll 2025)
Linn Esch-Uelzecht ↔ Däitsch-Oth
ännerenAller
ännerenAus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Esch-Uelzecht | Esch-Uelzecht | RB | Terminus | Däitsch-Oth |
Retour
ännerenAus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Däitsch-Oth | Terminus | RB | Esch-Uelzecht | Esch-Uelzecht |
Zukunftspläng
ännerenAm Kader vum Projet „Minettstram op Pneuen“ kéint d'Zuchverbindung Däitsch-Oth - Esch fir zerguttst zougemaach a mat enger séierer Busverbindung op der Assise vun der Eisebunnsstreck (corridor à haut niveau de service (CHNS)) ersat ginn[1][2][3].
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Gare Däitsch-Oth – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)Patrick Jacquemot, Le bus préféré au rail entre Esch et Audun. wort.lu (05.11.2020) Archivéiert de(n) 13.03.2023. Gekuckt de(n) 20.04.2025.
- ↑ Pourquoi parle-t-on de « CHNS pour bus » et no plus de « BHNS »?. Nationale Mobilitéitsplang (PNM 2035, plan national de mobilité) vum Ministère de la Mobilité et des Travaux publics S. 63. MMTP (2022). Gekuckt de(n) 20.04.2025.
- ↑ idem, « CHNS du secteur Esch & Belval », S. 65
- Quelle vum Artikel Geschicht, wou net anescht uginn: Artikelen Gare d'Audun-le-Tiche, Ligne de Fontoy à Audun-le-Tiche an Ligne d'Audun-le-Tiche à Hussigny-Godbrange op der franséischer Wikipedia an der Versioun vum 20.04.2025