Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Skorpioun I. war en alegyptesche Kinnek aus der Virdynastescher Zäit, ëm 3200 v. Chr.

Am Joer 1998 hunn d'Archeologe Werner Kaiser a Günter Dreyer vum DAIK (Deutsches Archäologisches Institut, Kairo) op engem Deel vun der Begriewnisplaz vun Abydos (Umm el-Qaab), deen d'Bezeechnung Kierfecht U dréit, d'Graf vum Kinnek (U-j), wat an d'Naqada-Kultur IIIa2 datéiert gouf an domat net identesch mat dem Kinnek mam selwechten Numm aus der 0. Dynastie ass, entdeckt.

D'Graf, mat 12 Kummeren, war mat de Moossen 9,10 m × 7,3 m relativ grouss. Dra fonnt gouf dëst: Gefäässer fir Beigaben, Elfebeenstief an -tafelen, Kinnekszepter, Wäikréi déi deelweis aus Palestina importéiert gi waren, a Spuere vun engem Schräin aus Holz.

D'Kréi ware beschrëft a sinn den eelste Beweis vu phoneeteschen Zeeche vun enger egyptescher Schrëft, déi ee liese kann. Domat war och d'Identifizéierung méiglech, op de Kréi war ze liesen "aus de Plantatioune vum Skorpioun".

Virgänger:
Canide
Pharaone vun Egypten
ëm 3200 v. Chr
Nofollger:
Falke I.

Um Spaweck

änneren
  Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.