Sireenereseau zu Lëtzebuerg
De Sireenereseau zu Lëtzebuerg begräift déi ronn 160 Sireenen[1] déi uechter d'Land am ëffentleche Raum opgestallt si fir d'Zivilbevëlkerung am Fall vun enger Katastroph, absënns enger Nuklearkatastroph am Atomkraaftwierk Cattenom ze warnen.
De Reseau vun de Sireenen zu Lëtzebuerg ënnersteet dem CDGIS[2].
Geschicht
ännerenDe Reseau deen ëm 1939 opgebaut gouf, bestoung uganks aus 43 Sireenen an hat den Zweck d'Bevëlkerung viru Loftattacken ze warnen. Déi éischt Sireene goufen an deenen Deeler vum Land opgestallt wou de Risiko vun enger Attack am gréisste war. Den Alarm konnt entweeder manuell op der Plaz (lokal) oder iwwert den Telefonsreseau an der regionaler oder nationaler Alarmzentral ausgeléist ginn[3].
Regioun | Gemeng oder Uertschaft | Alarmzentral | Zuel vu Sireenen / Gruppen | Awunner |
---|---|---|---|---|
A. Lëtzebuerg | Gemeng Lëtzebuerg, Hesper, Walfer | Postgebai an der Uewerstad | 13 Sireenen (1 Grupp) | 60.000 |
B. Esch-Uelzecht | Gemeng Esch-Uelzecht, Gemeng Schëffleng, Bieles | Postgebai zu Esch | 8 Sireenen, inkl. 3 vun der ARBED (1 Grupp) | 35.000 |
C. Déifferdeng | Gemengen Déifferdeng, Péiteng an Nidderkäerjeng | Postgebaier zu Déifferdeng a Péiteng | 8 Sireenen (2 Gruppe mat 4 Sireenen) | 28.000 |
D. Diddeleng | Gemengen Diddeleng, Beetebuerg, Rëmeleng a Keel | Postgebai zu Diddeleng | 10 Sireenen, inkl. 2 vun der ARBED (1 Grupp) | 28.000 |
E. Ettelbréck | Gemengen Ettelbréck an Dikrech | Postgebai zu Ettelbréck | 2 Sireenen (1 Grupp) | 9.000 |
F. Gréiwemaacher | Gemenge Gréiwemaacher a Waasserbëlleg | Postgebai zu Gréiwemaacher | 2 Sireenen (1 Grupp) | 5.000 |
Total | 43 Sireenen (7 Gruppen) | 165.000 |
Och Enn vun den 1950er Jore gouf et just ronn 40 Anlagen. Duerch Budgetserhéijunge konnten awer an der Zäit duerno zousätzlech Sireenen opgestallt ginn, sou datt der 1969 am Ganzen 214 a Betrib waren. Änlech wéi den Telefonsreseau waren d'Sireenen an néng geographesch Warngruppen agedeelt: Lëtzebuerg, Esch/Uelzecht, Péiteng, Diddeleng, Fëlschdref, Réiden, Ettelbréck, Wecker an Näidsen. All Warngrupp konnt vum deemolegen « Centre national d'alarme » bei Bedarf aktivéiert ginn. Bei engem Feier oder lokaler Katastroph war et och méiglech déi eenzel Sireenen individuell anzeschalten[4].
Ausser fir viru Loftugrëff ze warnen, gouf d'Sireen och aktivéiert fir d'Pompjeeën am Fall vun engem Brand an den Asaz ze ruffen. An deem Fall gouf den Alarm lokal, meeschtens beim Pompjeesbau, aktivéiert. Dat hat natierlech den Nodeel, datt absënns nuets déi ganzt Noperschaft an net just d'Männer vun der Sprëtz wakereg goufen. Als éischt Gemeng zu Lëtzebuerg huet d'Stad Diddeleng 1954 d'Pompjeessireen mat enger „Signal- an Alarmanlag“ ersat: vum Policebüro aus goufe Kabelen an d'Wunnenge vu 24 Pompjeeë verluecht fir datt déi geographesch zoustänneg Pompjeeën alarméiert konnte ginn. 1965 gouf d'Anlag moderniséiert an ass dunn iwwert den normalen Telefonsreseau geschalt ginn[5].
Hautdesdaags gëtt et zu Lëtzebuerg ronn 160 Sireenen, déi meeschtens op den Diech vu Schoulen oder aner ëffentleche Gebaier installéiert sinn. An eenzele Fäll stinn se op engem eegene Potto[1]. Déi mechanesch Sireenen, déi fréier am Asaz waren, goufe mëttlerweil[Wéini ?] duerch elektronescher ersat.
Verschidden Alarmsignaler
ännerenEt gëtt haaptsächlech dräi verschidden akustesch Signaler:
Viralarm (préalarme) – Gëtt ausgeléist, wann eng radioaktiv Kontaminatioun an enger oder e puer Regioune méiglech, awer net imminent ass.
D'Signal besteet aus engem op- an ofschwëllenden Toun vun enger Minutt. Dësen Toun gouf fréier als Loftalarm gebraucht, fir virun enger Loftattack mat méi Fligeren ze warnen[4]. | |
Nuklearalarm (alarme nucléaire) – Gëtt ausgeléist, wann eng nuklear Kontaminatioun an enger oder e puer Regiounen imminent bevirsteet.
D'Signal besteet aus dräimol hannerteneen engem op- an ofschwëllenden Toun vun 12 Sekonnen an enger Paus vun 12 Sekonnen. Dësen Toun gouf fréier als ABC-Alarm (atomaren, biologeschen oder cheemeschen Alarm) oder NBC-Alarm (nuklearen, biologeschen oder cheemeschen Alarm) bezeechent a sollt virun Ugrëff mat atomare Waffen oder viru radioaktivem Néierschlag warnen[4]. | |
Entwarnung (fin d'alarme) – Gëtt ausgeléist, wann d'Gefor eriwwer ass.
D'Signal besteet aus engem onënnerbrachenen Toun vun enger Minutt. (Net ze verwiessele mam Feieralarm, deen dräi Minutten hault). |
Sireenentest
ännerenIwwert d'Joerzéngte gouf ëmmer nees Tester duerchgeféiert, absënns fir d'Equipement ze testen, awer och fir d'Bevëlkerung mat de verschiddenen Alarmsignaler ze familiariséieren. Aktuell(Abrëll 2022) ginn déi Tester all éischte Méindeg vum Mount géint Mëtteg duerchgefouert, ausser an der Stad Lëtzebuerg, wou keng där Tester gemaach ginn.
Standuerter vun de Sireenen
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Biller
änneren-
Déi meescht Sireene sinn um Daach vun ëffentleche Gebaier installéiert
-
Vereenzelt gëtt et Sireenen déi op engem Héichmast montéiert sinn. Zu Lëtzebuerg gëtt et der aktuell 3.
-
Detail vun enger Sireen op engem Stäil
Um Spaweck
ännerenCommons: Sireenereseau zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Kaart mat de Sireenestanduerter zu Lëtzebuerg an an aneren europäesche Länner (private Projet vun “Siren Brothers Switzerland”)
- infocrise.lu Internetsäit vum Centre national de crise vum Staatsministère
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 Quell: Siren Brothers Switzerland (kuckt Um Spaweck)
- ↑ Loi du 27 mars 2018 portant organisation de la sécurité civile Art. 1 – La sécurité civile a pour mission (…) l'information et l'alerte des populations ainsi que la préparation et la mise en œuvre de mesures et de moyens appropriés. Art. 2 – Les missions de sécurité civile sont assurées par les pompiers volontaires et professionnels du Corps grand-ducal d'incendie et de secours, en abrégé CGDIS
- ↑ 3,0 3,1 Protection aérienne Service d'alerte.. Luxembourg - Quotidien du matin, 5. Jg., nº 321, S. 2 (16.11.1939). Gekuckt de(n) 03.04.2022.
- ↑ 4,0 4,1 4,2 (de)Sirenenprobe der „Protection Civile". Luxemburger Wort, 122. Jg., n° 69, S. 4. (10.03.1969). Gekuckt de(n) 03.04.2022.
- ↑ (de)Die Signal- und Alarmanlage der Feuerwehr Düdelingen – Ein „Jubiläum“ besonderer Art. Luxemburger Wort, 127. Jg., n° 265, S. 6. (20.11.1974). Gekuckt de(n) 03.04.2022.