Meander gi Flossschlénge genannt, wann der méi hannertenee sinn. S'entstinn op natierlech Aart a Weis an onbefestegte Fléissgewässer, wann déi net vill Gefäll hunn, an an enger relativ flaacher Ëmgéigend leien. De Radius vun engem Meander entsteet duerch Erosioun op der baussenzeger Säit vun der Kéier, an duerch Sedimentatioun op der bannenzeger. E gëtt doduerch ëmmer méi grouss, bis et zu engem Duerchbroch kënnt. De Meander gëtt dann en alen (oder 'doudegen') Aarm a verlant no an no.

Meanderen am Ënnerlaf vum Nowitna River (Alaska, 2002).

D'Wuert "Meander" kënnt vum Algriicheschen Numm Μαίανδρος (Maiandros), deen haut déi zwéi Flëss Menderes an der westlecher Tierkei hunn (Groussen a Klenge Menedres).

Satellitefoto vum Rio Negro mat enger Abberzuel alen Äerm déi vu fréieren Duerchbréch iwwreg sinn

Um Spaweck

änneren
Commons: Meanderen – Biller, Videoen oder Audiodateien