Canal du Centre (Belsch)
De Canal du Centre ass e Kanal an der belscher Regioun Centre. E verbënnt de Kanal Charleroi-Bréissel mat dem Kanal Nimy-Blaton-Péronnes an ass 20,9 km laang.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
De Canal du centre beim Schëffslift vun Thieu | |||||
Land | Belsch | ||||
Ufank | Seneffe | ||||
Enn | Mons | ||||
Eegenschaften | |||||
Aktuelle Statut | A Betrib | ||||
Längt | 24,275 km | ||||
Héicht Ufank | 121,15 m | ||||
Héicht Enn | 40,00 m | ||||
Gabarit | CEMT-Klass IV 86 m × 12 m | ||||
Fräi Héicht | 4,95 m m | ||||
Gebrauch | Verbindungskanal | ||||
Infrastrukturen | |||||
Schleisen | 2 | ||||
Schëffslifter | 1 (4 um historeschen Deel) | ||||
Kanalbrécken | 1 | ||||
Geschicht |
E mécht d'Verbindung tëscht dem Baseng vun der Meuse an deem vum Escaut. Den ieweschte Baseng virum Lift läit op enger Héicht vun 121,15 Meter an ass domat déi héchst Plaz vun der Schëfffaart an der Belsch. Dee Scheetbaseng ass direkt mat deem vum Kanal Charleroi-Bréissel verbonnen an déi zwéin zesummen hunn eng Längt vun iwwer 40 km, wat ee vun de längsten an Europa ass.
Zanter dem 2. September 2002[1] funktionéiert um neien Deel vum Kanal de Schëffslift vu Strépy-Thieu deen den Niveausënnerscheed vun de véier ale Lifter an engem Siess kompenséiert a Schëffer mat Tonnage bis zu 1.350 t. an d'Luucht hieft.
Um historeschen Deel vum Kanal tëscht La Louvière an Thieu stinn déi 4 Schëffslifter vum Canal du Centre.
Bauwierker an Uschlëss
| |||
Numm | Uertschaft | PK[2] | Koordinaten |
---|---|---|---|
Kanal Charleroi-Bréissel (Uschloss) |
Seneffe | 0,000 | 50° 31’ 20.32’’ N 04° 14’ 41.61’’ O |
Ofzweigung Croyère | Houdeng-Goegnies | 4,485 | 50° 29’ 57’’ N 04° 11’ 45’’ O |
Haaptofzweigung (Historesche Kanal) |
Houdeng-Goegnies | 4,578 | 50° 29’ 55’’ N 04° 11’ 29’’ O |
Sécherheetspaart vum Blanc Pain | Houdeng-Goegnies | 6,250 | 50° 30’ 00.27’’ N 04° 10’ 17.80’’ O |
Kanalbréck vum Sart | Houdeng-Aimeries | 8,605 - 9,139 | 50° 29’ 37’’ N 04° 08’ 18’’ O |
Schëffslift vu Strépy-Thieu | Strépy / Thieu | 11,458 | 50° 28’ 42’’ N 04° 06’ 39’’ O |
Schleis Thieu (40×5,20×6,81) (Uschloss Yachthafen an historesche Kanal) |
Thieu | 13,207 | 50° 28’ 18.12’’ N 04° 05’ 28.13’’ O |
Schleis Havré (124×12,5×10) | Havré | 17,800 | 50° 28’ 15.63’’ N 04° 01’ 33.39’’ O |
Schleis Obourg (124×12,5×5,0) | Obourg | 21,200 | 50° 28’ 45.16’’ N 03° 58’ 54.55’’ O |
Kanal Nimy-Blaton-Péronnes (Uschloss) |
Mons | 24,275 | 50° 28’ 31.26’’ N 03° 56’ 42.08’’ O |
Um Spaweck
ännerenCommons: Canal du Centre (Belgium) – Biller, Videoen oder Audiodateien |