Den Giant's Causeway ass eng Fielseformatioun op der Nord-Ost-Küst vun Nordirland (Bushmills), déi aus enger 40.000 Basalt-Saile besteet. Déi Formatioun steet zanter 1986 op der Natur-Weltierwelëscht vun der UNESCO. D'Fielse ginn zeréck op d'Eruptioun vun engem Vulkan, viru ronn 60 Millioune Joer. Et ass haut déi am dackste besicht touristesch Attraktioun an Nordirland.

Den Giant's Causeway
Den Giant's Causeway, vun uewe gekuckt

Legend änneren

Der Legend no hätt den iresche Ris Fionn mac Cumhaill (Finn McCool) eng Strooss mat Pavéen (causeway) duerch d'Mier bis a Schottland gebaut, fir sech mat sengem schottesche Rival Benandonner ze zerklappen. Wéi hien a Schottland ukomm ass, gesouch en, datt de Benandonner nach méi grouss war wéi hie selwer, an hien huet d'Kéier gemaach fir séier nees hannescht op d'iresch Insel, mam Benandonner hannendrun. Soubal de Fionn nees doheem war, huet e seng Fra gefrot, en als Puppelchen ze verkleeden. Wéi de Benandonner kuerz drop opgedaucht ass, gesouch en d'Fra mat deem Riseflantes als Puppelchen, an ass erféiert: Wann de Puppelche scho sou grouss ass, wéi grouss misst dann eréischt säi Papp sinn? Hien huet sech huerteg nees op de Wee heem gemaach. Op senger Flucht huet hien d'Strooss zerstéiert. Just den Ufanksdeel an Irland (an d'Enn an Schottland, Fingal's Cave op der Insel Staffa) ass erhale bliwwen...

Basaltformatioun soss doruechter änneren

Sou beandrockend den Giant's Causeway ass, ass en net eenzegaarteg: Gläichwäerteg Formatioune sinn d'Garni gorge an Armenien, d'Zyklopeninselen no bei Sizilien, den Devils Postpile National Monument a Kalifornien, den Devils Tower National Monument am Wyoming an d'Organ Pipes-Formatioun um Mount Cargill an Neiséiland.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Giant's Causeway – Biller, Videoen oder Audiodateien