Yolanda vu Veianen

Eng Säit aus dem Codex Mariendalensis, entstane warscheinlech tëscht 1320 und 1330.]]

Yolanda vu Veianen
Yolanda vu veianen.jpg
Gebuer 1231
Buerg Veianen
Gestuerwen 17. Dezember 1283
Märjendall
Wikidata-logo-without-paddings.svg
Codex Mariendalensis page.jpg

Vun der Yolanda vu Veianen ass historesch net all ze vill bekannt: Si koum am Joer 1231 als eng vun deenen zwou Duechtere vum Grof Heinrech I. vu Veianen a senger Fra, der Gräfin Margarethe de Courtenay op d'Welt. No ville Streidereie mat hiren Eltere krut d'Yolanda d'Erlaabnes, an d'Klouschter ze goen, an 1248 gouf si an d'Dominkanerinneklouschter Mariendall am Äischdall bei Miersch opgeholl.

1258 gouf si zur Priorin gewielt an huet vun do un d'Klouschter zur Bléi bruecht, si huet d'Gebaier erweidert, huet eng Bibliothéik ariichte gelooss an huet Reliquie vu groussem Wäert gesammelt. Si ass de 17. Dezember 1283 gestuerwen a gouf an der Klouschterkierch vum Mariendall begruewen. Wéi 1783 Märjendaller Klouschter opgeléist gouf, an d'Gebaier verfall sinn ier se tëscht 1830 an 1840 an en Domaine fir d'Famill Neyen ëmgebaut goufen, koum d'Hirschuel vun der Yolanda 1882 an de Besëtz vum Auguste Neyen. E Joer méi spéit war s'am Besëtz vun der Virginie Letellier, gebueren Neyen (Niess vum Auguste), a Fra vum Auguste Letellier, ee vun de Bauhäre vun der Aler Bréck. Spéider war s'am Besëtz vun de Franziskanerinnen an der Stad. Am Februar 1932 war s'erëm am Märjendall wou déi Wäiss Pateren sech 1890 niddergelooss haten. Wéi déi 1974 d'Klouschter verlooss hunn, gouf d'Reliquie op Veianen bruecht. Do läit d'Hirschuel an der Trinitarierkierch zu Veianen, de Rescht vun hire Reliquien ass verschollen. Zu Lëtzebuerg gëtt d'Yolanda als Séileg veréiert.

Vita Venerabilis YolandaeÄnneren

Den Dominikanerpater Hermann vu Veldenz huet ufanks vum 14. Joerhonnert hiert Liewen erzielt. Warscheinlech huet hien d'Yolanda nach perséinlech kannt, an huet hir Geschicht (literaresch verschéinert) als Vita Venerabilis Yolandae opgeschriwwen.

Dës ass haut ënner dem Numm Codex Mariendalensis bekannt Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Codex Mariendalensis..

A sengem Epos schreift de Brudder Hermann, datt d'Yolanda sech schonn als Kand vun néng Joer fir e Liewe mat Gott entscheet a vun do un alles probéiert, fir dat z'erreechen. Et geet hir nämlech net duer, fir zu Veianen op der Buerg hellegméisseg ze liewen, si wëllt de radikale Wee goen an an e Klouschter antrieden.

Der Yolanda hir Elteren, d'Grofe vu Veianen, hu mat hirer Duechter allerdéngs eng aner wëlles: si soll, wéi et sech fir e Meedche vun hirem Stand gehéiert, mat engem Adelege bestuet ginn, duerch deen d'Muecht vun der Veiner Dynastie verstäerkt soll ginn. Den Auserwielten heescht Walram vu Monschau.

D'Yolanda wiert sech energesch géint dëse Plang. Si wëllt onbedéngt an d'Märjendaller Klouschter antrieden, dat ufanks des Joerhonnert vu Stroossbuerger Dominikanerinnen am Äischdall, ënner der Aansebuerg, gegrënnt gouf. Et war virun allem der Yolanda hir Mamm, d'Margarethe de Courteny, d'Duechter vum Keeser vu Konstantinopel, déi net bereet war, hir Duechter a sou en aarmt Klouschter goen ze loossen, well den Uerde vum Hl. Dominikus war en Heeschenuerden. Si setzt elo alles dorun, fir d'Yolanda vun deem Wonsch ofzebréngen. Si versicht et am Gudden, si schléit d'Meedchen a späert et am Tuerm an. Um Heemwee vun engem Besuch bei der Gräfin Ermesinde zu Lëtzebuerg mécht d'Margarethe mat der Yolanda en Ëmwee iwwer de Mariendall fir hir d'Aarmut vum Klouschter ze weisen.

D'Yolanda profitéiert vun der Geleeënheet, entwutscht hirer Mamm a verstoppt sech am Klouschter. D'Margarethe kritt hir Duechter nëmme mat Gewalt nees do eraus. Zu Veiane ginn d'Streidereie weider, Mamm an Duechter gi souguer handgräiflech. Mä zu gudder Lescht kann d'Yolanda sech duerchsetzen. Dem Hermann vu Veldenz säin Epos hält domat op, datt der Yolanda hir Elteren hir d'Erlaabnes gi fir an de Mariendall an d'Klouschter ze goen.

LiteraturÄnneren

  • Pierre Grégoire: Das “Yolanda”-Epos. Bruder Herrmanns Dichtung im Urtext mit einer metrischen Übersetzung und einer historisch-literaturhistorischen Einführung von Pierre Grégoire. Verlag “De Frendeskrés”, Luxemburg 1979, 339 S.
  • Guy Berg an Gerald Newton (Erausg.): Alexander Wiltheim. "Vitae Venerabilis Yolandae", 2007, Institut Grand-Ducal, 839 Säiten. Mat Umierkungen, Bibliographie, e puer Faksimile-Säite vum Original, en Index mat laténgeschen Uertschaftsnimm mat Iwwersetzung. D'Editioun bréngt den Text am Original, op Däitsch "originalgetreu" iwwersat vum Guy Berg an eng englesch Iwwersetzung, "closely translated" vum Gerald Newton.
  • Nic Weber:Yolande in Marienthal In: Historische Miniaturen. Hrsg: J.P. Erpelding, Luxembourg, 1963, S. 89-96.
  • Gerald Newton & Franz Lösel: "Yolanda von Vianden" Moselfränkischer Text aus dem späten 13. Jahrhundert mit Übertragung. Hrsg. Institut Grand-Ducal Section de Linguistique, d'Ethnologie et d'Onomastique, Luxembourg 1999.
  • Waltraud Riehm: Yolanda. Historischer Roman, 15 Illustratioune vum Norman Hothum, éditions saint-paul, Lëtzebuerg, 2007
  • Andreas Hein, Das Yolanda-Epos (um 1290) als frömmigkeitsgeschichtliches Zeugnis, in: Hémecht, 1991, Heft 2, S. 209-231

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren