natur&ëmwelt

lëtzebuergesch Naturschutzorganisatioun

natur&ëmwelt a.s.b.l. ass e lëtzebuergesche Veräin, dee sech fir de Schutz vun der Natur an der Ëmwelt am Allgemengen asetzt.

natur&ëmwelt a.s.b.l.
Ofkierzung n&ë
Zweck Schutz vun der Natur an der Ëmwelt
Grënnungsdatum 07.02.2012[1]
Mataarbechter 14
Sëtz Haus vun der Natur
President Roby Biwer

De Veräin, dee säi Sëtz am Haus vun der Natur op der Kockelscheier huet, gouf 2012 gegrënnt. natur&ëmwelt gëtt d'Zäitschrëft regulus natur&ëmwelt eraus.

President vun natur&ëmwelt ass zanter dem 19. Mäerz 2013 de Roby Biwer; säi Virgänger[2], de Frantz Charles Muller, ass elo Éierepresident.[3]

Historique änneren

Am Laf vun 2010 hate sech d'Natura, d'Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga an d'Associatioun D'Haus vun der Natur, mat der Ënnerstëtzung vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur, informell ënner dem Numm natur&ëmwelt zesummegeschloss. Déi 'nei' Organisatioun gouf ufanks September 2010 der Ëffentlechkeet virgestallt. natur&ëmwelt a.s.b.l. gouf de 7. Februar 2012 offiziell gegrënnt.[4],[5]

Den 13. Juli 2012 hunn d'Natura, d'Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga (LNVL) an d'Associatioun D'Haus vun der Natur mat natur&ëmwelt fusionéiert an hunn also vun do un net méi als eegestänneg Organisatioune bestanen.[2]

D'Zäitschrëft regulus natur&ëmwelt ass zanter September 2010 ënner dem Logo vun natur&ëmwelt erauskomm. Verantwortlech fir d'Publikatioun war awer[6], bis am Juli 2012, d'Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga.

2023 krut natur&ëmwelt asbl d'utilité publique zouerkannt.[7]

Presidenten änneren

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. ageschriwwen am Handelsregëster de 6. Mäerz 2012 ënnert der Nummer F9032
  2. 2,0 2,1 Fusion zur "natur&ëmwelt a.s.b.l." angenommen. Luxemburger Wort vum 17. Juli 2012, S. 16.
  3. natur&ëmwelt: Roby Biwer und Claude Meisch neue Präsidenten von natur&ëmwelt. Frantz Charles Muller neuer Ehrenpräsident von natur&ëmwelt. [1] Cf. Tageblatt 2013, Nr. 68 (21. Mäerz), S. 22 (Natur & Ëmwelt: Frantz Charles Muller neuer Ehrenpräsident. Roby Biwer und Claude Meisch neue Präsidenten).
  4. Cf. Grënnungsstatute vum 7. Februar 2012 am Mémorial Nr. 950: 45565-45570 vum 12. Abrëll 2012
  5. Cf. d'Statutenännerunge vum 13. Juli 2012 am Mémorial Nr. 2605: 124996-124997 vum 19. Oktober 2012.
  6. Cf. a) d'Titelsäit a b) den Impressum S. 35 vun der Nr. 6 (Sept. 2010) vum regulus.
  7. Regulus 11 2023, S. 24.