Gallo-réimeschen Tempel Steesel
De gallo-réimeschen Tempel am Bësch op Roellent (Reuland) westlech Steesel ass den zentralen Deel vun enger Tempelanlag aus dem spéiden 1. Joerhonnert.[1] Den Tempel war zu Éiere vun der lokaler gallescher Gottheet Cerunincus opgeriicht ginn, vun där soss sou gutt wéi näischt gewosst ass. Um Site ass eng 12 cm grouss Bronzestatu vun deem Gott fonnt ginn.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Steesel |
Koordinaten |
49° 40’ 35.70’’ N 06° 06’ 48.70’’ O |
Si gouf an der Mëtt vun den 1950er Joren entdeckt, an d'Fëllementer tëscht 1957 an 1961 ausgegruewen. D'Anlag bestoung aus engem Tempel an Niewegebaier, mat ronderëm enger Mauer.
D'Tempelanlag hat hiren Héichpunkt an der 2. Hallschecht vum 4. Joerhonnert. Am fréie 5. Joerhonnert hunn Iwwerfäll vu Germanen, wéi och den Ufank vun der Verbreedung vum Chrëschtentum dozou gefouert, dass d'Tempelanlag opgi gouf.
Biller
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Gallo-Roman temple at Steinsel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ "Roman temple Steinsel" op visitluxembourg.com.