De Paul Otlet, gebuer den 23. August 1868 zu Bréissel a gestuerwen och do den 10. Dezember 1944, war e belschen Documentalist an Informatiounsmanager, Grënner vun der moderner Dokumentatiounswëssenschaft.

Paul Otlet
Gebuertsnumm Paul Marie Ghislain Otlet
Gebuer 23. August 1868
Bréissel
Gestuerwen 10. Dezember 1944
Bréissel
Nationalitéit Belsch
Educatioun Kathoulesch Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Schrëftsteller, Affekot, Bibliothecaire, Erfinder, Jurist
Famill
Geschwëster Maurice Otlet

De Paul Otlet huet zu Léiwen, Bréissel a Paräis Droit studiéiert an 1890 säin Doktertitel kritt. Scho wärend sengem Studium huet hien d'Schwächte vum Klassifikatiounssystem vun de Bibliothéiken erkannt. Zesumme mam Henri La Fontaine huet en den 12. September 1895 den Office International de Bibliographie gegrënnt. Zil war et, eng Universell Bibliothéik – de Mundaneum – ze schafen. Fir d'Dokumenter erëmzefannen, huet hien d'Classification décimale universelle (CDU) entwéckelt an de Standard vun den 125 × 75 mm grousse Karteikaarte fir d'bibliographesch Notizen duerchgesat. Am Mundaneum waren deemools 15 Millioune Wierker vun Hand repertoriéiert an no Theme klasséiert. 1912 konnte sou eng 1500 Froen, déi schrëftlech agereecht goufen, beäntwert ginn. Et war dëst eng Zort analog Sichmaschinn.

De Paul Othlet war och e Pazifist - ee vu senge Jonge war am Éischte Weltkrich gefall - an huet vun 1914 un Studien zu deem wat, d'Société des Nations sollt ginn, ausgeschafft.

An der Tëschekrichszäit huet hien um Projet vun enger "Weltstad" geschafft, zesumme mam Le Corbusier, an huet mat vill Méi probéiert, de Mundaneum um Goen ze halen, fir deen d'ëffentlech Hand kee Versteesdemech hat, an de Budget gestrach huet.

1934 huet den Otlet säi bekannten Traité de documentation publizéiert, eng Zort philosophescht Ttestament. Doran huet hien Zukunftsvisiounen entworf, wéi d'Dokumentatioun an Zukunft kéint ausgesinn:

" La table de travail ne serait plus chargée d'aucun livre. À leur place se dresse un écran et à portée un téléphone. Là-bas au loin, dans un édifice immense, sont tous les livres et tous les renseignements… De là, on fait apparaître sur l'écran la page à lire pour connaître la réponse aux questions posées par téléphone, avec ou sans fil. Un écran serait double, quadruple ou décuple s'il s'agissait de multiplier les textes et les documents à confronter simultanément ; il y aurait un haut parleur si la vue devait être aidée par une donnée ouïe, si la vision devait être complétée par une audition. Utopie aujourd'hui, parce qu'elle n'existe encore nulle part, mais elle pourrait bien devenir la réalité pourvu que se perfectionnent encore nos méthodes et notre instrumentation. Et ce perfectionnement pourrait aller jusqu'à rendre automatique l'appel des documents sur l'écran, automatique aussi la projection consécutive…

D'Internet kënnt där Visioun ganz no. Och d'Konzept vun der Wikipedia huet den Otlet scho beschriwwen. Fir hie wieren d'Aufgabe vun all deenen, déi intellektuell Aarbechte maachen, eng "universell a perpetuell Enzyklopedie" ze schafen, wou "d'Wëssenschafter vun allen Zäiten an aus alle Länner" dru matschaffe géifen.

Dem Paul Otlet säi Wierk war bis d'Enn vum leschte Joerdausend sou gutt wéi vergiess. Zanterhier huet zu Mons e Musée opgemaach, wou dat, wat vum Mundaneum Rescht bliwwe war, konservéiert an ausgestallt gëtt. Et gëtt och e Film an eng Biographie iwwer den Otlet.

Wierker (Auswiel) änneren

  • Monde: Essai d'universalisme, 1935
  • Traité de documentation. Bréissel 1934. Neidrock: Centre de lecture publique de la Communauté française de Belgique 1989.

Iwwer den Otlet änneren

  • Françoise Levie: Paul Otlet et le Mundaneum, Bruxelles, Les Impressions Nouvelles, 2006. ISBN 2-87449-022-9
  • Françoise Levie: L'Homme qui voulait classer le Monde, DVD, 60 Minutten, Memento Production, 2006.
  • Zurita Sánchez, Juan Manuel: El paradigma otletiano como base de un modelo para la organización y difusión del conocimiento científico. México, 2001, Tesina, Colegio de Bibliotecología, Facultad de Filosofía y Letras, UNAM.
  • Steffen Ducheyne: "Paul Otlet's Theory of Knowledge and Linguistic Objectivism", in Knowledge Organization, n°32 (2005), pp. 110–116.
  • Frank Hartmann: "Von Karteikarten zum vernetzten Hypertext-System. Paul Otlet, Architekt des Weltwissens - Aus der Frühgeschichte der Informationsgesellschaft". In: Telepolis 10/2006.

Um Spaweck änneren