Napoleonsgaart
Den Napoleonsgaart ass en Hiwwel a Lieu-dit an der lëtzebuergescher Gemeng Rammerech, nieft der Uertschaft Schwiddelbruch. E läit op enger Héicht vu 554,3 m[1]. Bis 1951 huet et als den héchste Punkt vum Grand-Duché gegollt[2].
Napoleonsgaart | |
---|---|
Den Tuerm um Napoleonsgaart (2010) | |
An anere Sproochen | fr: Jardin Napoléon |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Rammerech |
Buergermeeschter | Toni Rodesch (CSV) |
Awunner | 0 |
Héicht | 554 m |
Koordinaten |
49° 50’ 55.5’’ N 5° 53’ 05.24’’ O |
Geographie
ännerenDe Lieu-dit läit um CR308 (Rammerech - Gréiwels), am Flouer Héicht, am nordëstleche Wupp vun der Kadastersektioun Schwiddelbruch.
Altimetrie
ännerenDéi éischt topographesch Kaart déi dat ganzt Lëtzebuerger Land ofgedeckt huet, gouf 1905 vum franséische Kartograph Jules Hansen publizéiert. Bei der Héichtemiessung déi hie mam Barometer gemaach huet, gouf den Napoleonsgaart mat 562 m als héchst Plaz vum Land ermëttelt, virun der Buergplaz mat 555 m. Méi spéit huet sech awer erausgestallt, datt dem Hansen seng Berechnunge falsch waren. 1951 huet de franséischen Institut géographique national dunn am Optrag vum Kadaster déi éischt topographesch Kaarten op Basis vun der Photogrammetrie opgestallt. Dobäi gouf d'Buergplaz mat 559 m déi héchst Plaz vum Land, virun Op Kneiff (558 m) an dem Napoleonsgaart (549 m).
Den Napoleonsgaart war deemno knapp fofzeg Joer laang fälschlecherweis déi héchst Plaz vum Land.
Geschicht
ännerenUrsprong vum Numm
ännerenD'Plaz krut hiren Numm zu Éiere vum Napoleon François Joseph Charles Bonaparte, dem eenzege Fils vum franséische Keeser Napoleon Bonaparte an der Marie-Louise vun Éisträich. No der Gebuert huet den Napoleon nämlech ugeuerdent, datt op der héchster Plaz an all Regioun iwwer déi hie regéiert huet, Beem – haaptsächlech Fiichten – ugeplanzt sollte ginn[3].
Dat erkläert och firwat et nach aner Plaze gëtt, déi esou genannt ginn. Ënnert anerem gëtt et nach en Napoleonsgaart um Potaschbierg bei Gréiwemaacher.
Den Tuerm
ännerenOp der Kopp – dem sougenannte Belvédère – steet en Tuerm aus dem Joer 1928. Et handelt sech ëm en Triangulatiounstuerm dee vum Kadaster gebraucht ginn ass.
De massiven Tuerm war e Beobachtungs– an Aussiichtstuerm fir d'Triangulatioun vun der 1. Uerdnung. Bannendra war eng Beobachtungsplattform amenagéiert. An de Joren duerno gouf en zum Zweck vun der Triangulatioun vu Lëtzebuerg un d'Reseaue vun eisen Nopeschlänner ugeschloss. Méi spéit ass en och an den europäeschen Haapttriangulatiounsreseau mat abezu ginn an e gouf gebraucht fir astronomesch Beobachtungen ze maachen.
Beim geographeschen Nivellement an an nom Zweete Weltkrich ass d'Héicht vun der Plaz definitiv festgehale ginn:
- Nivellementsmaark : 549,159 m
- trigonometresche Stee vun der 1. Uerdnung: 547,75 m
- Beobachtungsplattform: 563,19 m[4].
Hannert dem Tuerm ass e Drénkwaasserbaseng vun der DEA mat enger Capacitéit vun 200 m3, dee momentan(Juli 2021) am Gaang ass vergréissert ze ginn. Op Stroossenniveau besteet eng Verbindung vum Tuerm an d'Schiberkummer vum Behälter, den Tuerm selwer hat awer ni d'Funktioun vun engem Waassertuerm[5]. Nodeems de Raum net méi vun der DEA gebraucht gouf, bestoung e Projet zesumme mam Kadaster fir e Musée anzeriichten an den Tuerm fir Visiteuren als Aussiichtstuerm opzemaachen. De Projet ass awer net realiséiert ginn[6].
Niewent dem Tuerm stinn Antennemasten. De Belvédère steet zanter dem 7. Februar 2011 op der Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter.
Biller
änneren-
Vue op de Belvédère
-
De Waasserbaseng
-
Um CR308 a Richtung Gréiwels
-
Panorama vum Napoleonsgaart aus a Richtung Nordwesten
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Napoleonsgaart – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Topographesch Kaart vum Kadaster
- ↑ (fr)Le point culminant du Luxembourg. act.public.lu. Gekuckt de(n) 06.07.2021.
- ↑ (fr)ITINERAIRE ET OBSERVATIONS. In: Monats-Berichte = Bulletins mensuels Société des naturalistes luxembourgeois (28.10.1932). Gekuckt de(n) 10.07.2021.
- ↑ (de)Eyschen, Alphonse, "De Napoleonsgaard." 1919-1969: Cinquantenaire, 20 Juillet 1969 : Fête Cantonale / Sapeurs-pompiers Grevels P. 59-60. a-z.lu (1969). Gekuckt de(n) 11.07.2021.
- ↑ Quell: Op Nofro, Informatioun vun der DEA iwwer E-Mail den 12.07.2021
- ↑ Quell: perséinlech Informatioune vum R. D., fréieren Direkter vum Kadaster, den 10.07.2021