D'Wierbeldéieren (Vertebrata) sinn en Ënnerstamm vun de Chordadéieren (Chordata). Zu hinne gehéieren d'Fësch, d'Amphibien, d'Reptiller, d'Vigel an d'Mamendéieren. Déi aarteräichst Grupp bilden d'Fësch mat 28.000 bis 30.000 bekannten Aarten.

Wierbeldéieren
Groussen Delfin

Groussen Delfin
Groussen Delfin
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordadéieren
Ënnerstamm: Wierbeldéieren
Wëssenschaftlechen Numm
Vertebrata
Cuvier, 1812
Iwwerklassen

Kifermünder
Agnatha

D'Wierbeldéiere stame vun engem Virleefer of, dee bannen a sengem Kierper eng Stäipstaang, "Chorda" hat. Dës Staang huet sech am Laf vun der Evolutioun zu der Wierbelsail ëmgebilt a sou e ganz neie Kierperbau erméiglecht.

Aus deenen éischte Prototyppe sinn d'Fësch entstanen. Aus enger Linn vun hinnen hu sech d'Amphibien gebilt an duerno d'Urreptiller, déi sech a verschidde Gruppe weiderentwéckelt hunn. Zu hinne gehéieren d'Schlangen an d'Bréckenechsen, déi et och haut nach gëtt, geneesou wéi och die ausgestuerwe Mieres- a Fluchsaurier an d'Dinosaurier, deenen hir Nokommen d'Vulle sinn.

Aus enger vun deene Reptillelinne (fr.: reptiles mammaliens) sinn d'Mamendéieren entstanen, déi sech hirersäits nees a vill verschidde Gruppe weiderentwéckelt hunn. Déi modern Mamendéiere si vun de Fuerscher an dräi grouss Gruppen ënnerdeelt ginn: d'Mamendéieren déi Eeër leen (z. B. d'Schnieweldéier), Beidelmamendéieren (z. B. Känguru) an d'Plazentadéieren, zu deenen och de Mënsch zielt.

Systematik

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Vertebrata – Biller, Videoen oder Audiodateien