Rue de la Poste (Stad Lëtzebuerg)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Rue de la Poste an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Fir déi fréier Rue de la Poste am Garer Quartier, kuckt wgl. Rue du Fort-Neipperg. |
D'Rue de la Poste ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vum Eck mat der Kuelegaass op der Plëss aus a Richtung Weste bis bei d'Aldringerstrooss. D'Plätzche wou se mat der Beckstrooss an der Aldringerstrooss zesumme kënnt, gëtt (um) Piquet genannt.
Lëtzeb. Numm |
um Piquet, Piquet |
---|---|
Ënnerhal vu(n) | Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg |
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Postcode | L-2346 |
Koordinaten | 49°36'41,18"N, 6°7'42,89"O |
Morphologie | |
Längt | 200 m |
Héicht i. M. | 303 m |
Geschicht | |
Genannt no | POST Luxembourg |
Geschicht
ännerenDen Odonym Rue de la Poste gouf de 16. Mee 1925 agefouert[1]. E bezitt sech op den Hôtel des Postes, de fréiere Sëtz vun der Lëtzebuerger Post.
Rue de la Place d'Armes
ännerenDéi haiteg Rue de la Poste huet am ëstlechen Deel, vun der Kuelegaass bis bei d'Philippsgaass Rue de la Place d'Armes geheescht. D'Strooss huet fréier aus enger duebeler Rei Haiser bestanen. Et ass warscheinlech, datt se duerch dat grousst Feier vum 11. Juni 1554 ganz zerstéiert gouf. Déi südlech Rei Haiser ass net méi opgebaut ginn[2].
Rue du Piquet
ännerenAm westlechen Deel, tëscht der Philippsgaass an der Aldringerstrooss housch d'Strooss virun 1825 an duerno, vun 1854 bis 1925 Rue du Piquet[3].
Piquet erënnert un déi deemoleg Artilleriekasär aus der spuenescher Zäit (1674), déi tëscht der Rue Beck an der Aldringerstrooss stoung. Dat Gebai ass 1869 an de Besëtz vun der Stad iwwergaangen an et waren eng Museksschoul, eng Händschefabrick, eng Handwierkerschoul grad wéi de Siège vun der Postverwaltung dran.
Biller
änneren-
An der Rue de la Poste, a Richtung Plëss gekuckt.
-
De Palais du Mobilier Bonn Frères, Eck Philippsgaass.
-
De Café Um Piquet (2012). Vir riets am Bild gesäit een nach d'Gelänner fir an de Souterrain vum fréiere Centre Hamilius.
-
« La grande Tempérance » vun der Niki de Saint Phalle um Piquet, ier s'am Oktober 2021 do ewechgeholl an an de Park bei der Villa Vauban geplënnert gouf.
-
Vue op d'Kasären um Piquet (1912)
Um Spaweck
ännerenCommons: Rue de la Poste (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Henri Beck, Bruno Baltzer, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? an: Ons Stad, Nr 44/1993, S. 32
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Rue de la Poste op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; Numéro Dossier/Régistre 880, gekuckt den 2. Abrëll 2020
- ↑ Rue de la Place d'Armes Numéro Dossier/Régistre 34, Ibid.
- ↑ Rue du Piquet; Numéro Dossier/Régistre 865, Ibid.