Héich Konstruktiounen zu Lëtzebuerg
Wikimedia-Lëschtenartikel
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi héchst Konstruktioune vu Lëtzebuerg sinn, bei der gréisster ugefaangen:
Iwwer 200 Meter
änneren- de Sendemast vun Housen, deen 300 m héich ass.
- déi dräi 3 stole Gittermaste vun 290 m vum Sender vu Beidler.
- den 285 Meter héijen Antennepotto vun RTL um Diddelenger Ginzebierg.
- déi dräi 215 m héich Maste vum Sender vu Jonglënster.
Iwwer 100 Meter
änneren- den 3. Tuerm vum Europäesche Geriichtshaff (Rocca-Tuerm), 2019 ageweit, ass 115 Meter héich an huet 30 Stäck.
- déi zwéin aner Tierm vum Europäesche Geriichtshaff sinn 107 m héich an hu jee 25 Stäck.
- de Pilier vun der Victor-Bodson-Bréck zu Hesper ass 106,25 Meter héich.
- d'Maste vum Dagsender vu Maarnech, 105 m, ofgerappt 2016
- Infinity, Lëtzebuerg-Kierchbierg, 104 m, 26 Stäck, 2020 ageweit.
50 bis 100 Meter
änneren- den Tuerm vum Jean-Monnet-2-Gebai (bis 2025 am Bau) ass 93 m héich
- d'Sauerdallbréck (A1) ass 92 m héich
- den 91 m héijen Tuerm vum Sender vu Blaaschent
- d'Héichiewen A a B um Belval hunn eng Héicht vun 90, respektiv 82 m.
- den 82 m héije Kamäi vun der Offallverbrennungsanlag zu Leideleng
- den neie Sëtz vun ArcelorMittal, K22 (bis 2025 am Bau), 80 m.
- den Tuerm vun der Maison du savoir, dem Haaptgebai vun der Uni Lëtzebuerg um Belval, zu Esch-Uelzecht, 80 Meter héich.
- d'Alcide-De-Gasperi-Gebai, d'"Héichaus" um Kerchbierg, ass 77 m héich.
- d'RBC Investor Services-Gebai zu Esch-Belval, huet eng Héicht vu 75 Meter.
- den Hotel "Double Tree" zu Dummeldeng mat 74 Meter.
- de Pont grande-duchesse Charlotte (Rout Bréck) ass 74 Meter héich
- de Lift Pafendall-Uewerstad ass 71 Meter héich
- Tuerm vum Gebai vum Europäesche Stabilitéitsmechanissem (ESM), geplangt fir 2028; 70 Meter.
- den Tuerm vun der Kierch vu Belair mat 69 Meter.
- de Waassertuerm op der Cloche d'or, mat 68,5 Meter.
- déi zwéin Tierm, genannt Porte de l'Europe, laanscht de Boulevard Kennedy, an der "Entrée" op de Kierchbierg, mat allebéid 68 Meter.
- d'Gebai fir ëffentlech Verwaltungen zu Esch-Belval, 60 m héich.
- Aurea-Tuerm zu Déifferdeng, 58 m héich.
- de Leidelenger Waassertuerm, mat 58,15 Meter.
- den Aquatower zu Bäerdref, mat 55,72 Meter.
- d'Direktiounsgebai vun der Spuerkeess an der Stad Lëtzebuerg huet eng Héicht vu 50 m.
Anerer
änneren- d'Al Bréck (Passerell) ass 45 Meter héich
- de Lift Gronn-Uewerstad ass 45 Meter héich
- de Clausener Viaduc ass 44 Meter héich
- d'Nei Bréck (Adolphe-Bréck) ass 42 Meter héich
- d'Biisserbréck (Viaduc Polvermillen) ass 37 Meter héich
- de Pafendaller Viaduc ass 32 Meter héich
- de Viaduc vu Schengen ass 24 Meter héich