Dësen Artikel beschäftegt sech mat Bicher. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Buch (Homonymie).

E Buch (pl: Bicher) ass eng Sammlung vu Säiten aus Pabeier oder soss engem Material, op déi eppes gedréckt, geschriwwen oder gemoolt ass, respektiv eidele Säiten, déi un engem Bord uneneegeläimt oder -gebonne sinn, a ronderëm déi e Buchaband oder -ëmschlag ass.

Eeler Bicher

D'UNESCO definéiert e Buch sou: Et ass eng gedréckt, net periodesch Publikatioun mat op d'mannst 49 Säiten, ouni d'Abandsäiten, déi der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach gouf.

Bicher zielen zu de Printmedien. Elektronesch gespäichert Buchtexter ginn "digital Bicher" (englesch: e-book) genannt. Eng aner modern Variant vum Buch ass e Lauschterbuch.


Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bicher – Biller, Videoen oder Audiodateien