Europäesche Geriichtshaff
Den Europäesche Geriichtshaff (offiziell: Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun, virdrun: Geriichtshaff vun den Europäesche Communautéiten) gouf 1952 duerch den Traité vu Paräis (CECA-Traité) gegrënnt. En ass dat iewescht Geriicht vun der Europäescher Unioun, wat europäescht Recht betrëfft.
Seng Aufgab ass et, dofir ze suergen, datt de communautairen Droit an alle Memberslänner d'selwecht interpretéiert an ugewant gëtt. De Geriichtshaff kann a Litigen tëscht Memberstaaten, Organer vun der EU, Enterprisen oder Privatpersounen decidéieren.
Den Europäesche Geriichtshaff huet säi Sëtz an der Stad. Ronn 1900 Leit schaffen do.
ZesummesetzungÄnneren
Den Europäesche Geriichtshaff huet ee Riichter pro Memberstaat, fir datt all national Rechtsuerdnunge solle vertruede sinn. Fir méi effektiv ze schaffen, kann de Geriichtshaff och an enger "Grousser Chamber" zesummekommen, déi aus 13 Riichteren zesummegesat ass, heiansdo och a Chamberen zu 3 oder 5 Riichteren.
Dem Geriichtshaff zur Säit stinn 8 "Generolaffekoten", déi d'Schlussconclusioun ausschaffen a begrënnen, opgrond vun där d'Riichter hiert Urteel fällen.
D'Riichter an d'Generalaffekote ginn op 6 Joer vun hire respektive Länner ernannt; hiert Mandat kann ëm 3 Joer verlängert ginn.
1989 gouf d'Éischtinstanz-Geriicht geschaf, fir sech virun allem em Kloe vu Privatpersounen oder där, déi d'Konkurrenz tëscht Entreprisen zum Theema hunn, ze këmmeren. De Geriichtshaff an den Éischtinstanz-Geriichtshaff wielen op dräi Joer e President aus hirer Mëtt. Fir de Geriichtshaff ass dat de Vassilios Skouris; fir den Eischtinstanz-Geriichthaff 2006 bis 2009 de Marc Jaeger.
AufgabenÄnneren
Déi 4 heefegst Zorte vu Prozedure mat deenen de Geriichtshaff ze dinn huet, sinn:
- Demande ëm eng Virop-Entscheedung ("renvoi préjudiciel"):
Wann eng national Geriichtsinstanz Zweiwelen huet, wéi d'europäescht Recht auszeleeën ass oder wéiwäit et unzewenden ass, ka se (a muss se heainsdo) en Avis vum Europäesche Geriichtshaff ufroen. Deen Avis gëtt d'Geriicht a Form vun engem "Arrêt préjudiciel" of. D'ofschléissend Urteel am Fall selwer gëtt dann awer vum nationale Geriicht gesprach.
- Kloe géint Infractioune vun den Traitéen ("recours en manquement"):
Dës Kloe kënne vun der Europäescher Kommissioun agereecht ginn, wa si fënnt, datt e Memberstaat senge Verflichtungen, déi en duurch den europäeschen Droit huet, net nokënnt, z. B., wann en eng Direktiv net oder falsch an d'nationaalt Recht ëmgesat huet. Och d'Memberstaate kënnen sou eng Klo géint en anere Memberstaat maachen. Am Fall vun engem Urteel géint e Memberstaat muss deen d'Ëmstänn, déi zur Klo gefouert hunn, direkt änneren.
- Kloen, wann e Gesetz géint d'EU-Recht verstéisst ("recours en annulation"):
Wann eng Privatpersoun, e Memberstaat, de Conseil, d'Kommissioun oder d'Europäescht Parlament der Meenung sinn, e bestëmmte Rechtsakt vun der EU wier illegal, kënnen se d'Geriicht uruffen, fir datt dat en annuléiert.
- Kloe géint d'Näischtmaachen ("recours en carrence"):
Duerch den Europäeschen Traité sinn d'Europäescht Parlament, de Conseil an d'Kommissioun dozou verflicht, ënner gewëssen Ëmmstänn bestëmmt Decisiounen ze huelen. wa se dat net maachen, kënnen d'Memberstaaten, déi aner Organer, oder (ënner bestëmmte Konditiounen) Eenzelpersounen oder Enterprisen de Geriichtshaff uruffen, datt e soll feststellen, datt dëst Näischt-maachen net rechtens anss.
Wéi eng Affär ofleeftÄnneren
Wann eng Plainte bis enregistréiert ass, gëtt se engem Riichter an engem Generolaffekot zougedeelt. D'Prozedur, déi dunn uleeft, besteet aus engem schrëftlechen an engem mëndlechen Deel.
Bei der schrëftlecher Prozedur deelen d'Parteie schrëftlech hir Vuë mat, wouropshin de Riichter e Rapport mécht, an deem en dës Deklaratiounen an de rechtleche Kader zesummefaasst. Op Basis vun deem Rapport schafft de Generalaffekot seng Conclusiounen aus. Déi Conclusiounen hëllefen dem Riichter, en Urteelsprojet auszeschaffen, deen en deenen anere Riichteren matdeelt.
Duerno kënnt den zweeten Deel, déi mëndlech Verhandlung. Déi ass am Prinzip virun der "grousser Chamber", kann awer och, jee no Bedeitung a Complexitéit vun der Affär, viru manner Riichter (3 oder 5) oflafen. Hei kënnen d'Affekote vun de Parteien de Riichter an dem Generolaffekot hir Argumenter duerleeën, an dës kënne Froe stellen. Duerno presentéiert de Generolaffekot seng Conclusioune, wouropshin d'Riichter iwwer d'Urteel deliberéieren an et da verkënnegen. Den Urteelssproch gëtt mat enger Majoritéit geholl. Wann net all Riichter enger Meenung waren, gëtt dat net gesot.
Wichteg GeriichtsentscheedungenÄnneren
Dee wuel wichtegsten Arrêt vum Europäesche Geriichtshaff ass deen an der Affär "Van Gendt und Loos" vun 1967. Hei gouf fir d'éischt festgehalen, datt d'Memberstaate sech fräiwëlleg enger Communautéit mat enger eegener Rechtsuerdnung ënnerworf hunn an dofir och en Deel vun hirer Souverainitéit ofginn hunn - e Fait, deen deen een oder anere Politiker an de Memberstaaten nawell gär vergësst.
D'GebaierÄnneren
D'Gebaier, an deenen de Geriichtshaff ënnerbruecht ass, si mat der Zuel vun de Memberstaate vun der EU, an domat der Zuel vu Fäll déi behandelt ginn, an dem Personal, dat dofir gebraucht gëtt, gewuess.
Den 'alen' Deel, no baussen hin u senger markanter 'Corox'-Stolkonstruktioun z'erkennen, gouf 1972 gebaut, no Pläng vum Jean-Paul Conzémius, François Jamagne a Michel Van der Elst. E gouf tëscht 2000 an 2009 komplett entkäert a restauréiert, ë. a. fir dem Asbest lass ze ginn, deen deemools verschafft gi war. Dora si 5 Säll fir d'Geriichstverhandlungen, all mat Dolmetscherkabinnen a Plaz fir d'Publikum. Dee gréissten dovun, d'Grande salle d'audience, huet 23 Dolmetscherhaisercher a bitt 300 Virwëtzege Plaz. Ausserdeem gëtt et do Raim fir Konferenzen, fir d'Press a fir Visiteursgruppen.
Am Gebai ronderëm, dat op 2 Stäck ausgeluecht ass, hunn déi 28 Riichter, déi 8 Avocat-généralen an hir all Kéier 6 Mataarbechter hir Büroen.
Dës am Ganzen 10.000 m² goufen Enn 2008 méi wéi verduebelt, wéi déi zwéin 107 m héich Tierm, mat jee 25 Stäck, déi ëstlech vum Haaptgebai gebaut goufen, a Betrib geholl goufen. Dora si virun allem déi ronn 1000 Iwwersetzer installéiert. Déi Tierm hunn 350 Mio. Euro kascht.
Tëscht den Tierm an deenen anere Gebaier ass eng Bibliothéik (déi fir de Public op ass), eng Kantinn a Formatiounssäll.
2015 gouf et d'gréng Luucht fir eng weider Vergréisserung a Form vun engem drëtten Tuerm, deen nieft déi zwéin existent gebaut gouf. En huet huet 30 Stâck, knapps 40.000 m² hunn, wouvunner ronn 15.000 Quadratmeter Bürosfläche sinn, op där bis zu 750 Leit schaffe kënnen. De Käschtepunkt war op 169 Milliounen Euro ugesat. E gou fden 19. September 2019 ageweit.[1] Mat 115 Meter ass den 3. Tuerm dat héchst Gebai zu Lëtzebuerg (ouni Masten a Brécken) zu Lëtzebuerg.[2]
Architekt vun den dräi Tierm ass den Dominique Perrault, deen ë. a. och déi franséisch Nationalbibliothéik zu Paräis entworf huet.
SossÄnneren
Den Europäesche Geriichtshaff däerf net verwiesselt gi mam Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter. Deen huet säi Sëtz zu Stroossbuerg, an ass en Organ vum Europarot.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Europäesche Geriichtshaff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ "En Donneschdeg gëtt den 3. Tuerm vum europäesche Geriichtshaff ageweit." rtl.lu, 18.09.2019 21:18.
- ↑ "Europäesche Geriichtshaff baut fir d'5. Kéier bäi" rtl.lu, 09.09.2015, 08:03:06.
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |